De Fong mam Numm Tropical forest forever Facility, kuerz TFFF, ass d’lescht Joer vun der Brasilianescher Regierung op der Weltklimakonferenz lancéiert ginn. Elo si scho 6,5 Milliarden US-Dollar dran. Bis Enn dës Jores wéilt een op 10 Milliarde kommen, erkläert den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes. Dat wichtegst wier elo de Fong hei am Land ze etabléieren, fir datt da vun hei aus kann investéiert ginn - a Revenue kënne generéiert ginn.
"All Milliard,all Montant, dee bäikënnt vu Länner, dat ass een, dee wäert dozou hëllefen, dat x-mol méi Privatkapital wäert nach eng Kéier u Bord geholl ginn. An do huet Lëtzebuerg och decidéiert zwou Saachen ze maachen. Dat eent ass, datt mer elo de Fong hei op Lëtzebuerg kréien, dat hei etabléiert gëtt ënner lëtzebuergeschem Recht."
Lëtzebuerg wäert sech awer och finanziell bedeelegen, wéi de Serge Wilmes ugekënnegt huet.
"Op där anerer Säit hu mir als Regierung decidéiert 50 Milliounen Euro aus eisem internationaler Klimafinanzéierungsenveloppe och an de Fong ze ginn als en deem Moment en Don och, also a Form vun enger Contributioun. An op där anerer Säit awer och, datt mer ab 2030, well dee Fong muss jo hei zu Lëtzebuerg och Steiere bezuelen datt déi Revenuen aus der Taxe d'abonnement, deen op Lëtzebuerg kënnt, deen an eise Budget geet, datt mer deen awer erëm integral reinvestéieren an de Fong an domadder eng fir ëmmer Contributioun maachen, eng forever Contribution."
Länner déi méi wéi 0,5 Prozent vun hirem Bësch d’Joer ofholzen dierfen net an de Fong investéieren. Nieft der finanzieller Opwäertung vum Reebësch sollen och 20 Prozent vun de Revenuen aus dem Fong un déi Indigeen Communautéite goen.