Groussbritannien

Neie brittesche Premier Burnham wëllt ënner anerem TVA op Stroumrechnungen ofschafen

E Méindeg huet den Andy Burnham als siwente Premier an nëmmen 10 Joer säin Amt ugetrueden. D'Bevëlkerung ass nom politesche Chaos vun de leschte Joren nëmme schwéier vun engem neie Gesiicht ze begeeschteren. Mee hien huet direkt nei Mesuren ugekënnegt, déi hie vu sengem Virgänger ënnerscheeden.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© EPA/Chris Ratcliffe / POOL play_arrow
(Foto: EPA/Chris Ratcliffe / POOL)

"Loosst eis dëse Moment, dee Moment maachen, wou Groussbritannien erëm gleeft, de Moment, wou mir Hoffnung zeréckbréngen."

Dat sot den Andy Burnham a senger éischter Ried un d‘Natioun. Hie géing unerkennen, datt Politiker d‘Vollek enttäuscht hätten an elo erëm weise missten, datt Groussbritannien seng Stabilitéit erëmfanne kéint.

Burnham däerf kee weidere Starmer ginn

Deen neie Premier weess och, wéi enttäuscht d‘Britte vun der Labour-Regierung vum Keir Starmer waren, an datt hie sech dréngend vu sengem Virgänger distanzéiere muss. Hie riicht seng Opmierksamkeet dofir un d‘Liewenskäschten-Kris.

Eenzel Bustickete gi vu Januar un an England op zwee Pond limitéiert. Dëse Plaffong mécht eng Erhéijung réckgängeg, déi de Keir Starmer ageféiert hat.

An da soll de Stroum méi bëlleg ginn. Vun Oktober u gëtt nämlech d'TVA op de Stroumrechnungen ofgeschaaft, esou den neie Premier. Domat kéinten d‘Leit an der Moyenne 45 Pond d‘Joer spueren. Finanzéiert gi soll dëst duerch d‘Annulatioun vun digitale Carte-d'identitéen, dat war e Plang vun der Starmer-Regierung.

Liewensstandard soll erhéicht ginn

Dës Mesurë sollen d‘Britte bëssen entlaaschten, sot den Andy Burnham, mee se solle virun allem weisen, datt seng Regierung sech engagéiert fir de Leit hire Liewensstandard eropzesetzen.

Kritik ass schonn do - Och aus der eegener Partei

Mee d‘Kritik huet net laang op sech waarde gelooss. Den Darren Jones, de fréiere Chefsekretär vum Keir Starmer, huet op X geschriwwen, datt de Plang fir déi digital Identitéitskaarten nach guer keng Finanzéierung hat. Déi nei Regierung misst also nach d‘Sue fannen, fir déi nei Mesuren ze finanzéieren.

Den Andy Burnham kasséiert also schonn a senger éischter Woch Kritik aus der eegener Partei. Dat ass kee gutt Virzeechen an engem Land, wou d‘Premiere sech jo d‘Klensch vun 10, Downing Street an de Grapp ginn.

Lauschterenplay_arrow