De lénks-liberalen Andy Burnham ass virun e puer Deeg mat grousser Ënnerstëtzung vu senger Partei als Labour-Chef gewielt ginn an iwwerhëlt domat de Poste vu sengem Virgänger, dem Keir Starmer. Dem Keir Starmer seng Popularitéit an der Bevëlkerung an an der eegener Partei war ënner anerem wéinst de Liewenskäschten an der schwaacher Wirtschaft staark gefall.
A senger éischter Ried als Premier huet den Andy Burnham vun entscheedende Verännerungen an der Wirtschaft an an der Gesellschaft geschwat.
"Mir maachen dëse Moment zu engem Wendepunkt fir Groussbritannien a bréngen déi gréisste Verännerungen an de leschte 40 Joer vir. En neie politesche Modell an en neie wirtschaftleche Modell. An den 1980er-Joren huet Groussbritannien e puer falsch Schrëtt gemaach. Politesch Muecht gouf zentraliséiert. Wirtschaftlech Muecht gouf privatiséiert. Grouss Deeler vum Land goufen deindustrialiséiert a si hunn sech nach net erholl."
Vill Leit hätten d'Gefill nach ëmmer am Réckgang ze sinn, esou den neie Labour-Chef a Premierminister. Dat wéilt een elo änneren.
10-Jores-Plang fir d'Land nees no vir ze kréien
Fir seng Pläng a punkto Reindustrialiséierung, Verstaatlechung an Dezentraliséierung ëmzesetzen, wëll den Andy Burnham méi spéit am Joer en 10-Jores-Plang presentéieren.
Den Andy Burnham soll der Labour-Partei elo also nees en Opschwong bréngen. Eng vu senge Prioritéite wier direkt géint d’Obdachlosegkeet op de Stroossen ze kämpfen. Groussbritannie misst der Welt weisen, datt et méiglech ass d’Stabilitéit nees ze garantéieren. Den neie brittesche Premier huet iwwerdeems ugekënnegt, datt hien dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskij haut géif uruffe fir him seng voll Ënnerstëtzung ze versécheren.
Net méi déi Éischt an de Sondagen
Am Summer 2024 hat d'Labour-Partei nach komfortabel d'Wal gewonn, mëttlerweil fält een an de Sondagen ëmmer weider zeréck. Déi rietspopulistesch Partei "Reform" vum Nigel Farage huet d'Sozialisten an den Ëmfroen distanzéiert.
Aller guten Dinge sind drei
De 56-Joer alen Andy Burnham ass eréischt virun engem Mount Deputéierte ginn.
Nodeems den neie Premier virdru schonn zweemol, 2010 an 2015, ouni Succès fir de Chefposte vun der Labour-Partei ugetruede war, gouf hien 2017 zum Buergermeeschter vu Manchester a Nord-England gewielt.
An dëser Positioun huet hie sech an de leschte Méint kloer géint dem Keir Starmer seng Politik an déi héich Staatsverscholdung ausgeschwat.