Zesumme mat SOS-Détresse géif een de Projet lo nees lancéieren, esou d’Martine Hansen. D’Landwirtschaft wier ee Secteur dee vill Erausfuerderungen hätt.
Vill Problemer beieneen
Ënner anerem de Klimawandel an déi aktuell wirtschaftlech Situatioun. De Laurent Frantz vum Maschinnen- a Betribhilfsring Lëtzebuerg betount, datt dacks vill Probleemer zesumme kommen. Wann et am Betrib net géif klappen, hätt een dacks och ee finanzielle Problem, esou de Laurent Frantz.
"A wann dann am Betrib finanziell Problemer sinn, da kritt de Bauer nach Sträit mat sengen Elteren huet en nach e Generatiounskonflikt. Dat sinn esou déi typesch Fäll, wou da bëssen alles zesumme kënnt an iergendwann geet näischt méi bei där concernéierte Persoun."
D’Telefonshotline fir d’Bauere, Wënzer a Gäertner ass vun haut un erreechbar. De Pilotprojet soll elo mol bis Enn vum Joer lafen an dann nach eng Kéier evaluéiert ginn, esou nach déi Responsabel vum Projet.