Ëmwelt

Natur&ëmwelt fuerdert een ambitionéierten a kohärente Restauratiounsplang fir d'Natur

Dee Restauratiounsplang fir d'Natur misst genuch Moyene kréien, heescht et an engem Communiqué vun natur&ëmwelt. D'Biodiversitéit géif staark ënner Drock stoen, dofir dierft et net ee Katalog mat gudden Absichte sinn, mee ee komplette Kurswiessel.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Et misst elo wierklech eppes Konkretes geschéien an net méi just dervu geschwat ginn, esou natur&ëmwelt. 

Och d'Landwirtschaft misst een Deel vun der Léisung sinn. Deemno misst och am Agrarberäich ee Wandel kommen. Weider heescht et, de Plang fir d'Natur misst kohärent am ganze Land ëmgesat ginn, och a Stied an Dierfer.