Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Robert Schumann - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 97, V. Lebhaft - Cappella Aquileia, Marcus Bosch (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Lëtzebuerg wëllt seng Ammoniak-Emissioune bis 2030 ëm 11 Prozent reduzéieren

NAPCP

Lëtzebuerg wëllt seng Ammoniak-Emissioune bis 2030 ëm 11 Prozent reduzéieren

Wéi verknascht ass d’Loft zu Lëtzebuerg? Ëm déi Fro geet et am nationale Plang fir d’Kontroll vun der Loftverschmotzung, dem NAPCP. D’Äntwert: Bei 4 vu 5 Schuedstoffer, nämlech de Stickoxider, Schwefeloxider, organeschen Dämpf an de Feinpartikel, sinn d’Virgabe vun der EU scho méi wéi erfëllt. Just beim Ammoniak leien d’Emissiounen aktuell nach 11 Prozent iwwer de Virgaben.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

D’Landwirtschaft ass fir de Gros vun den Ammoniak-Emissioune verantwortlech, well den Ammoniak duerch Gülle entsteet. Ammoniak geréit an d’Loft wa Gülle verdonste kann. Dat heescht, wann d’Gülle um Feld ausbruecht gëtt, an net direkt an de Buedem zitt, awer och wa se an engem Behälter ouni Deckel gelagert gëtt.

Technesch Mesurë si just een Deel vun der Léisung

Dofir ginn et an enger éischter Etapp technesch Mesuren, déi een ëmsetze kann, fir d’Ammoniak-Emissiounen ze reduzéieren. Eng dovunner ass, datt Baueren d’Gülle an Zukunft an zouene Behälter stockéiere mussen.

Eng aner gouf d'lescht Joer schonn an engem Règlement grand-ducal festgehalen a betrëfft d’Technik fir d’Gülle um Feld ze verdeelen, erkläert de Jérôme Faé, Expert fir chemesch Produite beim Ëmweltministère.

“Fréier ass d’Gülle eben op de Felder mam Prallteller verdeelt ginn. Haut ginn et méi Technologien, besser Technologien, déi evitéieren, datt vill vun deenen Närstoffer an d’Loft ginn. An elo gesäit een dann haut bësse méi technologesch héichgerüste Maschinnen, déi da versichen, iwwer Schleppschläich zum Beispill, d’Gülle méi Buedem-no auszebréngen, fir datt ebe manner Emissiounen an d’Loft kommen.”

Technesch Mesurë si just een Deel vun der Rechnung. Den Ammoniakgehalt vun der Gülle kann ofhängeg dovun, wéi vill Protein am Fudder vun den Déieren ass, änneren. Deemno kann een d’Ammoniak-Emissiounen och reduzéieren, andeems een d’Gestioun vum Fudder upasst.

Et kënnt op d'Fuddergestioun un

De Problem dobäi ass awer, datt de Bauer e Gros vum Fudder selwer produzéiert, an d’Zesummestellung vun deem Fudder staark variéiert. Dat bréngt mat sech, datt een d’Gestioun vum Fudder net eenheetlech ugoe kann, erkläert de President vun der Centrale Paysanne Christian Wester.

“Dir kënnt eng Analys huele vum Fudder, mee dat kënnt jo net eenheetlech vun enger Wiss. Dat kënnt vun e puer Wisen. Dat heescht, d’Analys ass ëmmer eng Momentopnam an dat gi kleng Ännerungen, oder jee nodeem wéi d’Joer ass, bësse gréisser Ännerungen."

Well et sou schwéier ass fir als Bauer selwer erauszefannen, wéi ee seng Fuddergestioun muss adaptéieren fir manner Ammoniak-Emissiounen ze produzéieren, sollen d’Experte ronderëm d’Ammoniak Task-Force hëllefen.

Reduktioun vun 11 Prozent ass méiglech

Eng vun de Missioune vun der Task Force ass déi individuell Berodung vun de Betriber, esou de Jérôme Faé.

“Net all Betrib funktionéiert d’selwecht. Verschidde Betriber hu méi Fläche fir auszebréngen. Aner Betriber hu villäicht aner Contrainten, déi ee muss individuell analyséieren: Wéi vill kafe si bäi vu Fudder? Wéi vill Dünger kafen si bäi? Wou sinn hir Particularitéiten an hirer Betribsgestioun?"

Trotz aller Ënnerstëtzung op der Säit vun der Regierung mécht de Christian Wester drop Opmierksam, datt de Betrib um Ënn vum Dag wirtschafte muss. Deemno kéint de Bauer seng Decisiounen net ëmmer reng am Interêt vu manner Emissiounen treffen.

Wat d’Reduktioun vun den Ammoniak-Emissioune bis 2030 ubelaangt, wier een awer insgesamt um richtege Wee, seet de Paul Rasqué, zoustänneg fir Pollutioun am Ëmweltministère. Wann déi individuell Berodung vun de Betriber an déi konsequent Ëmsetzung vun technologesche Mesurë weiderhi gemaach gëtt, géif Lëtzebuerg säin Zil vun enger Reduktioun vun den Ammoniak-Emissiounen ëm 11 Prozent bis 2030 erreechen.

Lauschterenplay_arrow