Den Haag

NATO-Sommet: Hausse vu Militärdepensen den Haaptsujet

Zu Den Haag an Holland fänkt haut, Méindegowend, den NATO-Sommet un. Eng weider Hausse vun de Militärdepensen ass den Haaptsujet. Déi 32 NATO-Member hu sech e Samschdeg schonn drop gëeenegt, d'Verteidegungsdepensë bis 2035 op op d‘mannst 5 Prozent vum PIB ze erhéijen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
(Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

3,5 Prozent dovu fir klassesch Militärdepensen, de Rescht kéint a militäresch Infrastrukturen investéiert ginn. Spuenien huet sech dogéint ausgeschwat. D'Defense-Budgete solle bis 2035 ugepasst ginn. 

Erwaart ginn um Sommet ënner anerem den US-President Donald Trump an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. Lëtzebuerg ass duerch de Premier Luc Frieden vertrueden. 

D'Sécherheetsmesurë sinn déi gréisst jeemools an Holland, mat 27.000 Polizisten an 10.000 Zaldoten.