Defense

Fir besser Resilienz: Benelux- a baltesch Staate kooperéiere méi enk

D‘Benelux-Staaten, déi baltesch Staaten souwéi Finnland a Schweden hunn haut um Freideg eng Koalitioun fir méi Resilienz decidéiert. Et geet an der Haaptsaach drëms d‘Populatioun am Fall vun Naturkatastrophen oder Kricher besser ze schützen.

auto_stories

1 min

Antti Häkkänen, finnesche Verteidegungsminister, Yuriko Backes Lëtzebuerger Verteidegungsministerin | © MAE
Antti Häkkänen, finnesche Verteidegungsminister, Yuriko Backes Lëtzebuerger Verteidegungsministerin (Foto: MAE)

De Premier Luc Frieden hat sech ugangs dës Mounts a Finnland iwwer esou Mesuren informéiert. Elo soll eng Agenda opgestallt ginn mat den Theme Responsabiliséierung vum Bierger, Risikoevaluatioun, Krisegestioun an Verbesserung vun den Infrastrukturen.