Wéinst israeeleschem Dirigent

Münchener Philharmoniorchester gouf vu Museksfestival zu Gent ausgelueden

De Münchener Philharmoneschen Orchester gouf vum Museksfestival vu Gent ausgelueden, dat wéinst dem israeeleschen Dirigent Lahav Shani. Deen hätt sech den Organisateuren no net kloer genuch vis a vis zum Gazakrich positionéiert.

auto_stories

1 min

De Lahav Shani bei engem Konzert zu Bukarest 2025 | © EPA/ROBERT GHEMENT
De Lahav Shani bei engem Konzert zu Bukarest 2025 (Foto: EPA/ROBERT GHEMENT)

De Lahav Shani ass momentan och musikaleschen Direkter vum israeelesche Philharmoneschen Orchester. Den Orchester sollt den 18. September zu Gent e Konzert ginn. 

Kritik vun europäesche Politiker

Den däitsche Kulturminister Wolfram Weimer huet déi Decisioun eng Schan fir Europa genannt. Och de belschen Ausseminister Maxime Prévot huet d'Decisioun kritiséiert. Et dierft een net den Amalgam maachen tëschent der jüddescher Communautéit, den Israeelien an der Politik vun der Regierung Netanjahu.