Wochelaang Protester

Madagaskar: Militär huet Muecht iwwerholl

Op Madagaskar huet eng Elitten-Unitéit vum Militär d‘Muecht vum President Andry Rajoelina iwwerholl. Dat no wochelaange Protester op der Insel am indeschen Ozean. 

auto_stories

1 min

headphones

5 min

©  EPA/HENITSOA RAFALIA play_arrow
(Foto: EPA/HENITSOA RAFALIA)

D‘Protester goufe vu Jonken ugestiwwelt. Hannergrond sinn héich Liewenskäschten, Chômage an ee Mangel u Perspektive fir Jonker. 

Virum Presidentepalais huet de Generol Randrianirina annoncéiert, de Militär géif bannen zwee Joer eng Regierung forméieren a Walen ofhalen. De Militär huet d‘Verfassung ausser Kraaft gesat. De President Rajoelina ass geflücht. Wou hie sech ophält ass onkloer.

Mir schwätze mat eiser Korrespondentin Elodie Goulesque iwwer d'Lag am Land

Lauschterenplay_arrow