Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Abbate Ranieri Capponi - Kammersonat Nr.12 a Sol Majeur, II. Allegro nobile - Artemandoline

play_arrow Live
opus

/ Mahler 4. - aus dem Gewandhaus Leipzig

Concert

Mahler 4. - aus dem Gewandhaus Leipzig

Dem Gustav Mahler seng 4. Sinfonie - een opulent orchestréiert Wierk, dat vun "himmlescher Freed" séngt an däischter Ofgrënn beschwiert.

auto_stories

1 min

headphones

123 min

play_arrow

Den Andris Nelson a säi Gewandhausorchester presentéieren opulent Sinfonik. Dem Dvorak säi seele gespillten Op. 109 mam Numm "Das Goldene Spinnrad". Den tschechesche Komponist huet et als héichromantescht Schauermärchen iwwert den Doud an d'Opersteeung inzenéiert. An dat mat grousse Melodien a Klangfaarwen.

A ganz aner Extremer entféiert dem Gustav Mahler seng véiert Sinfonie: een opulent orchestréiert Wierk an - typesch Mahler - räich u Kontraster. Iert de Solosopran am leschte Saz déi "himmlesch Freed" beséngt, weist de Mahler sech eemol als Meeschter vu Kontraster: vu verspillte Kannermelodien, vu liichtend hell orchestréierte Passagë bis hin zu schauregen Ofgrënn geet seng véiert Sinfonie. Och sou munche Kritiker war no der Uropféierung 1901 zu Münche schockéiert. Ma de Mahler war ee Liewe laang stolz op dës Kompositioun. Et wier "eent vu senge beschte Wierker".

Programm:

Antonin Dvorak (1841-1904)

  • Das Goldene Spinnrad op.109

Gustav Mahler (1860-1911)

  • Véiert Sinfonie a Sol Majeur

Interpreten:

  • Christiane Karg, Sopran
  • Gewandhausorchester Leipzig
  • Andris Nelson, Dirigent

Lauschtere kënnt dir dëse Concert nach bis den 11. Juni 2025 an eiser Mediathéik.

Lauschterenplay_arrow