Radioen

On air

Notturno  |  Harald Genzmer - Sonat fir Trompett an Uergel, I. Introduktioun - Ádám Rixer (Trompett), Maurice Clement (Uergel)

play_arrow Live
opus

/ Lydie Polfer: Presentatioun vum Aktiounsplang d’nächst Woch

Drogesituatioun Stater Gare

Lydie Polfer: Presentatioun vum Aktiounsplang d’nächst Woch

Den Aktiounsplang wéinst der Drogesituatioun op der Stater Gare steet an e soll d’nächst Woch presentéiert ginn. Dat huet d’Stater Buergermeeschter Lydie Polfer (DP) um Mëttwoch op eis Nofro hi matgedeelt.

auto_stories

1 min

Lydie Polfer
Lydie Polfer

Zënter Ufank vum Joer haten déi zoustänneg Ministèren um Mesurëpak geschafft.

D’Buergermeeschterin Lydie Polfer warnt awer virun ze héijen Erwaardungen. Och wann den Aktiounsplang prett wier, da géif dat net heeschen, datt den Drogeproblem vun haut op muer gekläert wier.

“Mee dat heescht natierlech net, datt deen Dag drop d'Situatioun eng aner ass, well dat sinn eng Rei Mesuren, wou och gesetzlech Ännerunge musse kommen. Gesetzlech Ännerungen, dat heescht d'Chamber, dat hëlt awer nach e bëssen Zäit. (...) Et ass intensiv geschafft ginn, dat op alle Fall, an et ass och méi wéi néideg.”