Frankräich

Justiz confirméiert: Kannerläich déi fonnt gouf, ass dat 11 Joer alt Lyhanna

A Frankräich dominéiert d'Emotioun nom Dout vum 11 Joer ale Kand d'Aktualitéit. D'Lyhanna war leschte Freideg am Gers a Frankräich verschwonnen. Gëschter gouf an engem Käresilo op engem Bauerenhaff eng Kannerläich fonnt. D'Justiz bestätegt elo, datt et sech ëm d'Meedchen handelt.

auto_stories

1 min

© EPA/YOAN
(Foto: EPA/YOAN)

De Papp vun enger Frëndin vun him ass de presuméierte Mäerder. Hie war der Justiz scho bekannt, dat wéinst Vergewaltegung a sexuellen Iwwergrëffer u Mannerjäreger. Hie gouf ni festgeholl. 

De franséische Justizminister Gérald Darmanin huet sech am Numm vun der Justiz dofir entschëllegt.