Statec

Ze vill Ongewëssheeten: Stéchdag fir déi nächst Indextranche ass nach net bekannt

De Jores-Inflatiounstaux ass am Mount Mäerz wéi erwaart staark geklommen. Vun 1,3 Prozent am Februar op 2,4 Prozent am Mäerz. Déi staark Hausse ass op d'Explosioun vun den Energiepräisser wéinst dem Krich am Iran zeréckzeféieren. Eleng hei gouf et e Plus vun 12,2 Prozent. Dat deelt de Statec mat.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Inflatioun | © Adobe Stock / gopixa play_arrow
Inflatioun (Foto: Adobe Stock / gopixa)

Virop an dësem Kompartiment louch den Heizungsmazout mat engem Plus vu 37,3 Prozent. Mat enger nächster Indextranche ass weiderhin am zweeten Trimester vun dësem Joer ze rechnen, esou nach de Statec.  

Krich am Noen Osten huet däitlech Auswierkung op Previsiounen

Nach bei de leschte Previsiounen hat de Statec mat enger däitlech manner héijer Inflatioun gerechent, esou d’Jill Schaul, Responsabel fir d’Konjunkturprevisioune beim Statec.

"Fir eis Schätzunge vum Februar hate mir do nach mat enger negativer Kontributioun geschat. A virum Ausbrieche vum Krich an der Ukrain hu mir, fir Iech e bëssen ee Verglach ze ginn, mat engem Pëtrolspräis gerechent, deen ëm déi 60 US-Dollar pro Barrel wier fir 2026. Elo am Mäerz louch dësen am Duerchschnëtt awer scho bei iwwer 100 Dollar de Barrel, wat eeben och erkläert, wisou datt mir elo esou staark Divergenzen hunn."

Haaptgrond fir dës Entwécklunge bleift d’Hausse vun den Energiepräisser, déi iwwer ee Joer gekuckt leschte Mount ëm 6,1 Prozent geklomme sinn.

Energiepräisser fir Hausse verantwortlech

Ouni dësen Effekt vun den Energiepräisser wier d’Hausse vum Joresinflatiounstaux däitlech méi moderat ausgefall, erkläert de Lucien May, Responsabel fir d’Präisstatistik beim Statec.

"Ouni Pëtrolspräisser hätte mir nëmmen eng moderat Hausse vun 0,1 Prozent gehat. Wann een da méi am Detail kuckt, dann d'Pëtrolsprodukter iwwer ee Mount, déi klammen ëm 12,2 Prozent do an de Mazout, wann een dee kuckt, deen ass iwwer ee Mount souguer ëm 37,3 Prozent geklommen, dann op der Tankstell muss een en Moyenne 15,6 Prozent méi bezuelen, wat am Fong eng historesch Hausse ass."

Aner Beräicher, wéi zum Beispill Liewensmëttel, sinn zwar och méi deier ginn, mee e gutt Stéck manner, wéi et bei der Energie de Fall ass.

Stéchdag fir Indextranche nach net bekannt

Mëttlerweil géif et net méi nëmmen dorëm goen, d’Inflatioun virauszesoen. Aufgab vum Statec wier et deemno och d’Warscheinlechkeet vun ënnerschiddleche geopoliteschen Zenarie virauszesoen.

"An deem Kader probéiere mir dann haut och Zenarien opzebauen, wou mir d'Energiepräisser, dat heescht de Pëtrol, mee awer och de Gas an d'Elektresch, wou mir da mat Schocke spillen. Dat heescht, datt mir vläicht iwwer een Trimester oder bis zu dräi Trimester d'Präisser héich loossen an domadder ee méi héije Zenario kreéieren.” 

Net nëmmen d’Energiepräisser an d’Situatioun am Noen Oste géifen den Ament eng Roll spillen, wat d’Erfale vun der nächster Indextranche ugeet. Do dernieft géifen och aner bestänneg Präiserhéijungen, wéi zum Beispill d’Supply-Chain-Käschten, also vun de Versuergungsketten, Suerge maachen, esou d’Jill Schaul.

"Mee do schwätze mir da vun indirekten Effekter, déi elo nach immens schwéier anzeschätze sinn a wou mir och nach guer keng Donnéeën doriwwer hunn, wéi sech dat kéint op d'Inflatioun auswierken." 

De Risiko vun enger méi héijer Liewensmëttelinflatioun wier och eng Suerg.

"Dat hu mir jo och am Kader vum Krich am Iran gesi gehat, datt sech do e bësse méi spéit nom Krich déi Impakter och op der Inflatioun ofgebillt hunn. Wéi dat sech elo alles wäert entwéckelen, dat ass eeben nach net am Moment ze quantifizéieren.” 

An éischter Linn géif et dovun ofhänken, wéi et mam Passage vun Hormus virugeet, esou d’Jill Schaul.

"Wéi laang se elo opbleift, ass net gewosst. An dëst stellt natierlech weiderhin en immense Risiko duer, wat och d'Pëtrolspräisser laangfristeg nach kéint héich halen, also mat och d'Präisser op der Pompel, wéi och den Heizmazout undreiwe kéint."

De 6. Mee publizéiert de Statec dann déi nächst Inflatiounsprevisiounen.

 

Lauschterenplay_arrow