USA-Lëtzebuerg

Ëmstriddene Festsall nieft dem Wäissen Haus soll mat Stol vun ArcelorMittal entstoen

Wéi d‘New York Times haut schreift, hätt de Konzernschef Lakshmi Mittal dem US-amerikanesche Präsident Donald Trump eng Stol-Spend an Héicht vun 37 Milliounen Dollar versprach.

auto_stories

1 min

Fotomontage Radio 100,7 | ©  EPA/WILL OLIVER / picture alliance/dpa | Patrick Pleul
Fotomontage Radio 100,7 (Foto: EPA/WILL OLIVER / picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

Bis ewell gouf et fir des Informatioun keng offiziell Confirmatioun. ArcelorMittal Lëtzebuerg huet op Nofro hin, bis elo kee weidere Commentaire dozou ofgin, an huet betount, datt de Konzern sech wéi och an der New York Times net dozou äussere géif.

Och op dee betraffene Stol aus Lëtzebuerger Wierker géif kommen ass net gewosst.