Laut den Zuele vun der Grenzschutzagentur Frontex sinn d’lescht Joer 178.000 Versich festgestallt gi fir ouni Erlabnis an d’EU anzereesen. Dat sinn der 26 Prozent manner wéi nach 2024. Woubäi dës Zuel keng Persoune betrëfft, mee Iwwertriedungen vun de Baussegrenzen, wou déi selwecht Persoun och e puer Mol ka registréiert ginn.
Nei Rekorder wat d'Zuelen ugeet
Do ass déi International Organisatioun fir Migratioun méi prezis an hiren Analysen. Si huet fir 2025 ronn 158.000 Persounen identifizéiert, bal 40 Prozent manner wéi nach 2023. Och zu Lëtzebuerg weisen d’Zuele vum Ministère fir bannescht Affären an de leschten dräi Joer en däitleche Réckgang vun de Persounen, déi internationale Schutz ufroen.
Dëst ass net d’Konsequenz vu manner Kricher, Krisen, Ëmweltschied an aner Ongläichheeten, déi Mënschen dozou bréngen an anere Länner eng Sécherheet ze sichen, déi hinnen doheem net méi garantéiert ass. Am Géigendeel, laut dem UNO-Flüchtlingskommissariat waren nach ni zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich esou vill Mënschen op der Flucht wéi haut.
Sech mat Hardliner solidaresch erklären
Si komme just ëmmer manner an Europa, well mir héich Mauere bauen a mat Staaten un der Peripherie vun der EU, wéi zum Beispill Libyen oder der Türkei, Accorde maachen, wou vill Geld fléisst, wann déi hëllefen, Mënsche vun der EU ewech ze halen.
Bei eis erklären zoustänneg Ministeren ëffentlech, si wiere frou iwwer all Refugié, deen net op Lëtzebuerg kënnt, wärend ee sech zu Bréissel mat den Hardliner solidaresch erkläert. An oppen ass Persounen an Drëttlänner ze verfrachten, fir datt dës sech sollen drëm këmmeren, si an hir Heemechtslänner zeréck ze schécken.
Dës repressiv Politik soll ofschreckend wierken. Mee irregulär Migratioun gëtt duerch Aarmut, Konflikter, Ongläichheet a Klimawandel ugedriwwen. Soulaang dës Grondursaachen net ugepaakt ginn, kann d’Repressioun eleng d’Migratiounsstréim nëmmen temporär oflenken, ouni se nohalteg ze reduzéieren.
Se bekämpft d’Symptomer, net d’Ursaachen.
De Problem vun de Passeure bekämpfen
Dobäi ginn et Virschléi fir eppes géint irregulär Migratioun ze ënnerhuelen, déi net réng op Ofschreckung setzen.
Dat sinn zum Beispill Kreeslafvisaen, déi et Aarbechter erlabe fir e spezifeschen Asaz ze kommen, mat der Garantie, datt se am nächste Joer zeréckkomme kënnen. An esou verhënnert, datt dës Leit sech illegal nidderloossen, aus Angscht, déi nächste Kéier net méi eranzekommen.
Och humanitär Korridore wieren eng Alternativ, fir et Flüchtlingen ze erlaben, op eng sécher an organiséiert Manéier Konfliktzonen ze verloossen, ouni dem Risiko vu liewensgeféierleche Passagen iwwer d’Mëttelmier ausgesat ze sinn. An esou kéint een och de Geschäftsmodell vun de Passeuren ënnergruewen.
Talentpartnerschaft fërderen
A fir eis eege wirtschaftlech Interessen net aus den Aen ze verléiere kéinte sougenannten Talentpartnerschaften nëtzlech sinn. Dat si Formatiounsprogrammer an den Hierkonftslänner, déi de Bedierfnesser vun de Gaaschtlänner gerecht ginn. An dat a Beräicher wéi der Gesondheet oder der Technologie, wou mir ëmmer méi Problemer hunn, genuch Leit ze fannen.
Dat wier also keng réng humanistesch Approche, mee eng vun der mir selwer profitéieren. Villäicht iwwerzeegt dat Argument jo déi politesch Responsabel fir de Courage ze hunn net aleng op Repressioun an Ofschreckung ze setzen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.