Fräie Mikro

Eng faarweg Zukunft

Respekt an Toleranz op där enger Säit, Haass an Ufeindungen op där anerer Säit: Eis Gesellschaft weess mat Momenter net méi, wéi si eist Zesummeliewen harmonesch gestalte soll. Munch Initiative si wuel gutt gemengt, ouni eis weiderzebréngen, mengt den Auteur Laurent Moyse a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Radio 100,7 play_arrow
(Foto: Radio 100,7)

Am Januar ass an der Stad Lëtzebuerg eng ganz Diskussioun opkomm, wéi et drëms gaangen ass, verschidde Vëlosweeër faarweg unzesträichen, fir déi méi kloer vum Autosverkéier ofzetrennen.

Rout, blo, oder faarweg?

De Mobilitéitsministèr huet sech fir déi rout Faarf entscheet, mee op der Säit vun der Gemeng Lëtzebuerg war een doriwwer net begeeschtert, an do gouf éischter déi blo Faarf virgezunn.

Viru Kuerzem huet d‘Gemeng Nidderaanwen ee Vëloswee mat de Reeboufaarwen usträiche gelooss. Et huet geheescht, datt et ubruecht wier, Faarf an den ëffentleche Raum ze bréngen, an d’Initiativ sollt och een Zeeche vun Toleranz a Villfältegkeet vermëttelen.

Dorops hi si munch Haasskommentaren um Internet opgetaucht an et gouf souguer Vandalismus um faarwege Wee festgestallt.

D'Source vu Vandalismus an Haass

Et ass traureg ze gesinn, datt et ëmmer nees Leit ginn, déi net fäeg sinn, hir Meenung – och wann déi ofweichend ass – am géigesäitege Respekt ervirzesträichen, an op Methoden zeréckzegräifen, déi nëmme Veruechtung kënne produzéieren.

Haass a Gewalt brénge keng Léisung zu engem Problem, si schafen der just nach bäi.

A wann een dee Vandalismus an déi Haasskommentarer zu kengem Moment entschëllege wëllt, esou däerf ee sech awer och froen, ob d‘Bemole vum Stroossebelag sech eegent fir politesch oder gesellschaftlech Messagen duerchzeginn.

Am Stroosseverkéier gëtt et zu Lëtzebuerg keng fest Reegel, wat fir eng Faarf fir de Belag benotzt däerf ginn, am Géigendeel zu Stroossemarkéierungen: Do si just déi wäiss, giel a rout Faarwen zoulässeg.

Do ass et awer och kengem agefall, hanner de wäisse Strécher eng aner Bedeitung ze gesinn, wéi déi vun der Verkéierssécherheet.

E Bléck an d'Geschicht

D’Geschicht huet eis bewisen, datt wa Faarwe fir gesellschaftlech Zwecker instrumentaliséiert ginn, et séier zu Mëssbrauch a Streidereie kënnt.

Wéi d’olympesch Réng entstane sinn, ass all Faarf mat engem Kontinent associéiert ginn: blo fir Europa, giel fir Asien, schwaarz fir Afrika, gréng fir Ozeanien, rout fir Amerika. Woubäi d’Logik net ëmmer an d’Ae spréngt.

Och op aner Terraine gëtt déi vermeintlech Faarf fir hëtzeg Diskussiounen agesat, zum Beispill wann et iwwer d’Dominanz vu wäisse Männer geet, wa Schwaarzer trotz hirer Diversitéit an een Dëppe geheit ginn, oder wa virun enger gieler Muecht gewarnt gëtt.

Dat war awer net ëmmer esou: Vum 16. bis zum 18. Joerhonnert sinn d’Chinesen zum Beispill als wäiss betruecht ginn, well si an hirer Kultur Rengheet an héich Tugenden valoriséiert hunn.

An och an der Politik gi Parteifaarwen heiansdo als ultime Beleidegung ugesinn, wann een déi rout Gefor, de schwaarze Konservatismus oder dee gréngen Aktivismus - fir nëmmen déi Beispiller ze nennen - als feindlech Gesënnung betruecht.

Et ass am Fong kontradiktoresch, datt dat absurd Faarfgespills grad an enger Zäit opbléit, wou Schwaarzwäissmolerei den Toun vun eisen alldeeglechen Noriichten diktéiert.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

Lauschterenplay_arrow