Fir d’Lescht hat frEsch dem Kënschtlerkollektiv offréiert, bleiwen ze dierfen, wann si déi zwee Büros Zëmmeren um ieweschte Stack am Bâtiment 4 zu Esch opginn. Esou sollte si nëmmen nach den Atelier am Keller notzen an d’Websäit batiment4.lu, déi si besëtzen, un d'ASBL frEsch ofginn.
"Eng kritesch Stëmm monddoud maachen"
Mëndlech hätte Vertrieder:inne vu frEsch ausserdeem gefuerdert, datt Richtung22 an hire Konschtaktioune keng perséinlech Attacke méi géint Lokalpolitiker:inne mécht, erkläert Richtung22.
Dat ass fir si net akzeptabel, seet ee vun hire Memberen, de Lars, de säi ganzen Numm net nenne wëllt.
"Mir geheie frEsch vir, mat engem politeschen Interêt ze handelen. Dat heescht, datt frEsch eng Entscheedung trëfft, déi sech net drop baséiert, wéi nëtzlech Richtung22 fir d'Kulturliewen zu Esch ass - datt frEsch och net eng Entscheedung trëfft, wéi gutt integréiert sech Richtung22 an dat Gebai."
frEsch hätt eng Decisioun getraff, déi sech dorun orientéiere géif, datt si sech politesch ausgeschwat hu par rapport zu der Gemengen- a Kulturpolitik, esou de Reproche.
"Si wëllen eigentlech eng kritesch Stëmm monddoud maachen."
frEsch weist dëse Virworf zeréck. An engem schrëftleche Statement op eis Nofro hin heescht et, esou Methode géifen net de Valeure vu frEsch entspriechen a géifen och net funktionéieren.
Keen alternatiivt Gebai fonnt
frEsch huet och erkläert, si hätte fir Richtung22 no der Kënnegung vun der Konventioun am Mee 2024 een alternatiivt Gebai gesicht, mee et wier awer keent ze fannen.
D’Sich ouni Erfolleg bestätegt Richtung22. D’Kollektiv refuséiert dowéinst weiderhin d’Gebai ze verloossen. Si kënnen och de Virworf vu frEsch, si géifen neie Kënschtler:innen d’Plaz fortzehuelen, net novollzéien. Ëmmerhi wier en Deel vum Gebai eidel. Daagsiwwer bis 17:00 Auer géif keen d’Gebai notzen ausser si, erkläert de Lars vu Richtung22.
"Mir hu Salariéen. Mir hu Projeten déi lafen, déi finanzéiert sinn. Dat heescht, mir hunn e ganz anere Besoin och u Raim wéi aner Gruppen."
Richtung22 fënnt, datt déi ganz Ausernanersetzung um Gericht onnéideg wier. An argumentéiert d’Gebai géif souwisou d’nächst Joer un Arcelor Mittal zeréck goen, deenen de ganze Site ronderëm d'Metzeschmelz gehéiert.
Datt de Prozess bis dohi fäerdeg wier, hält Richtung22 fir onwarscheinlech.