D'Landstrooss tëschent Bettel a Furen ass wéinst dem Nëssschëdde gespaart. Déi ronn 10 Meter héisch Nësserte stinn nämlech direkt laanscht d’Strooss am Gruef. D’Nësserte sinn esou déck, datt ee se knapps nach ëmäermele kann, an droen elo am Hierscht vill déck Nëss.
Een Trakter mat Äerm
Jonk an al Membere vu verschiddenen Veräiner sinn hei zesumme komm fir se ze rafen oder ze schëdden, wéi ee seet.
Fréier sinn d’Nëss mat engem laange Bengel vun de Beem geschloe ginn. Hautzedaags gëtt et eng Maschinn, déi d’Noss vum Bam hëlt. D’Maryse Nosbusch sammelt Nëss an erkläert, wéi eng Maschinn dat ass.
"Et ass en Trakter an do hannendrun ass den Unhänger mat der Maschinn. Dat sinn zwee Äerm, déi ginn un de Bam ronderëmgemaach an da klemmen déi de Stamm an da rëselen déi. Duerch déi Vibratioune falen déi Nëss dann erof."
Duerch d’Rësele vun de Beem falen net nëmmen d’Nëss vun de Beem, mee och déi dier Äscht. Dat verhënnert, datt déi op d’Autoe fale wann d’Strooss bis erëm op ass.
Mee zeréck bei d’Nëss. Där ginn et der dëst Joer genuch. Virun zwee Joer missten der nach aus dem Ausland fir de Nëssmaart akaaft ginn, well der net genuch do waren.
D'Nëss sinn nach an de grénge Schuelen
Trotz dem dréchenen a waarme Summer kënnen d’Leit vum Nëssmaart sech dësen Hierscht net bekloen. D’Autoe vun de Fräiwëllege si voller Eemere mat Nëss. Et huet ee knapps nach Plaz fir sech an d’Autoen ze setzen. Och den Unhänger vun de Pompjeeën ass gutt gefëllt.
Just d’Verschaffe wier dëst Joer méi schwéier. Déi gréng Schuele vun den Nëss, wéi ee se am Summer gesäit, sinn elo am Hierscht normalerweis opgebascht, mee dëst Joer ass dat net bei all Noss de Fall.
"D'lescht Joer waren d'Nëss ganz op. Dëst Joer si se all an deene grénge Schuelen. Dat heescht, mir musse se alleguerten och opmaache mat der Hand, bis mir d'Noss eraus hunn. Et ass méi Aarbecht."
Nom Dréchnen halen d'Nëss de ganze Wanter
De ganze Moie ginn nach Nëss geschott, mee duerno ass d’Aarbecht awer nach net fäerdeg. Se mussen nach gewäsch ginn an duerno op Hiertercher - dat si Këschte mat engem Gitterbuedem - gedréchent a reegelméisseg gedréint ginn. Wa se da bis dréche sinn, gi se entweder am Ganzen um Maart verkaaft oder weiderverschafft.
Iesse soll een d’Nëss da bannent zwou Wochen. Ausser et leet ee se gutt auserneen op eng dréche Plaz, dann hale se de ganze Wanter duerch.
Nëssproduite ginn et fir all Goût, verzielt ee vun de Fräiwëllegen, de Max Kraus.
"Nëssbrout, Nësspaté, Nësslikör, alles wat mat Nëss ze dinn huet."
D’Haaptsaach wier, datt eng Noss dra wier, esou nach de Max Kraus. Niewent dem bekannten, traditionellen Nosslikör wier awer och de sougenannte Kuuschtesak eng Spezialitéit vum Nëssmaart, erzielt de Jeannot Scheidweiler, ee Member vum Veiner Gesang.
Een Event mat Traditioun
De Gesangsveräi bitt esou ee Kuuschtesak gefëllt mat Nëss de Sonnden um Maart un.
"Fréier, wann d'Handwierker op d'Aarbecht gaange sinn, hu si jo missen zu Fouss iergendwou higoen an dann hu si de Kuuschtesak matgeholl. Dat war e Bengel, an hir Gamell oder hir Dëppen oder dat wat se wollten iessen, hate si do dran. An dann haten si en Duch, wat zweemol ronderëm gestréckt an un de Bengel gehaange war. Dann hu si deen esou gedroen."
Genee wéi de Kuuschtesak huet och de Veiner Nëssmaart eng laang Traditioun. 1934 ass deen Éischten organiséiert ginn. Verschidde Fräiwëlleger si schonn zënter 60 Joer derbäi.
Vun de Pompjeeë bis bei de Gesangsveräi sinn eng sëllege Clibb vertrueden. Um Schluss dierf all Veräin esou vill Nëss mathuelen, wéi si opgeraf hunn. All Veräi verschafft a verkeeft seng eegen Nëss.
"Et ass einfach flott"
Den Engagement ronderëm den Nëssmaart ass e wichtegt Akommes fir d’Veräiner, déi hei beim Nëssschëdden hëllefen. An dat schonn zënter Joerzéngten, erënnert sech de Raim Decker, dee scho mam Fussball um Maart derbäi war.
"Enn 60er Joer, do hate mir mam Fussball e Stand. Mir hate 36.000 Frang gemaach. Mir haten nëmme Béier, Limonad a mir haten Nëss."
Mee et geet net nëmmen ëm d’Verkafen, seet de Max Kraus, dee schonn zënter aacht Joer derbäi ass.
"Et ass geselleg, et gëtt gelaacht, et ass einfach flott."