Bëschbränn a Südeuropa

Griicheland evakuéiert Touristeregioune, Besserung a Frankräich

D’Bëschbränn a Frankräich sinn zwar nach net geläscht, mee op d'mannst wiere se elo ënner Kontroll, dat sot de Premier Sébastien Lecornu der Zeitung La Tribune du Dimanche. Iwwerdeems ass d'Situatioun a Griiecheland weiderhi schwiereg.

auto_stories

1 min

E Läschfliger kämpft am Süde vu Frankräich géint d'Bëschbränn | © EPA/SEBASTIEN NOGIER
E Läschfliger kämpft am Süde vu Frankräich géint d'Bëschbränn (Foto: EPA/SEBASTIEN NOGIER)

A Griicheland kämpfen d’Pompjeeë weider géint uerg Bëschbränn, mee d’Helikoptere kéinte wéinst dem staarke Wand net un de Läschaarbechte participéieren.  

60 Kilometer vun Athen ewech goufe beléiften Touristeregiounen evakuéiert. 

Et brennt awer och am Norde vun der Hallefinsel Pelopones.

Am ganze sinn eng 500 Pompjeeën am Asaz, dorënner och franséisch a rumänesch Kolleegen. Eng 5.000 Hektar si bis elo a Griicheland zerstéiert ginn.

330 Pompjeeë blesséiert

A Frankräich huet sech d'Situatioun liicht gebessert, allerdéngs huet d’Prefektur aus der Regioun ëm Bordeaux, wou ee Megafeier ausgebrach war, net vun Entwarnung geschwat. Ënner Kontroll heescht, datt d’Bëschbränn sech net méi verbreeden, mee et wäert nach eng Zäit dauere, bis datt d’Feier ganz geläscht ass. 

Wéinst deem Feier wieren 252 vun den am Ganzen 2.725 Gebaier, déi et um Territoire gëtt, zerstéiert ginn. Mëttlerweil konnten 208.000Persoune vun den am Ganzen 224.000 Evakuéierten nees zréck an hir Wunneng goen. 

An der Populatioun wier keng Persoun gestuerwen oder blesséiert ginn, mee et wieren 330 Pompjeeë blesséiert ginn. 

Am Var a Südfrankräich huet d’Präfektur matgedeelt, datt och do de Brand ënnert Kontroll wier, dat trotz dem Wand.