Dréchent a Groussbritannien

"Gaardeschlauch-Verbuet" fir 23 Millioune Leit

Groussbritannien ass jo bekannt fir säin naasst Wierder, mee och do gëtt et a verschidde Regioune säit e puer Woche kee Ree méi. Virun allem an England sinn d‘Konditioune kritesch. Op ville Plaze kämpfen d‘Pompjeeën elo géint d‘Feier.

auto_stories

2 min

Epa Images | © Tolga Akmen Epa Images
Dunwich Heath am Küstegebitt vu Suffolk. (Foto: Tolga Akmen Epa Images)

E Mëttwoch hat d‘brittesch Regierung deklaréiert, dass méi wéi d‘Hallschent vun England elo offiziell an enger Dréchent wier – e puer Stonnen no dëser Annonce huet et zu Suffolk gebrannt. E Bëschbrand bei der Küst huet do a kuerzer Zäit eng Fläsch vu méi wéi 200 Futtballterrain‘en ageholl. Et koum zum Groussasaz. Ronn 200 Leit hu missten evakuéiert ginn. 

Eng Fra, déi evakuéiert gouf, huet et an engem Interview mat der BBC esou formuléiert:

„D'Zerstéierung vun dëser natierlecher Schéinheet vun der Regioun an den Impakt op d'Déierewelt sinn einfach erschreckend.“

Säithier ass Progrès gemaach ginn, soten d‘Pompjeeë. Et wier awer e ganzt Naturschutzgebitt niddergebrannt, sot e Spriecher vun enger Organisatioun fir Natur- an Denkmalschutz. Och an der Haaptstad ass d‘Feiergefor grouss. Elleng e Mëttwoch hunn d‘Londoner Pompjeeë méi wei 60 Bränn a Parken an a Wise misse bekämpfen. 

Waarden op de Reen

An England an a Wales gëtt sech Suergen em d‘Waasserreserve gemaach an dësem Summer, dee well etlech Hëtzerekorder gebrach huet. Am Juli gouf et zum Beispill an England just 7% vun deem Nidderschlag, dee soss an dësem Mount fält. Am Süde vun England war et souguer just 1%. 

Dofir hu regional Waasserfirmen elo e Gaardeschlauch-Verbuet ausgeruff. Ronn 23 Millioune Leit an England an a Wales dierfen elo net méi mam Schlauch de Gaart nätzen, Piscinne fëllen oder Autoen an Terrasse botzen. 
 
An et ass nach keen Enn a Siicht. D‘nächst Woch soll et zwar vereenzelt reenen, mee dat wäert net vill un de Konditiounen änneren. Laangzäitprognose no soll et réischt am Oktober genuch Ree gi fir déi aktuell Dréchent réckgängeg ze maachen.

A Groussbritannie gëtt et also nach ee laangen a geféierleche Summer.