Vun der Troisième u kënnen d’Schüler:nnen aus dem Lycée Michel Rodange Lëtzebuergesch als véiert Sprooch wielen. Dat op de Sektiounen A bis G.
Op der Sproochesektioun A gëtt Lëtzebuergesch nieft Sprooche wéi Spuenesch oder Italieenesch ugebueden. Op de Sektioune B bis G kann ee Lëtzebuergesch als zousätzlech Sprooch amplaz vun engem Optiounsfach wielen. De Schoulprogramm geet iwwer d’Literatur, d’Kulturgeschicht, d’Linguistik an Orthografie, wéi et an engem Schreiwes vum Educatiounsministère heescht.
Op der Deuxième dierfen d’Schüler:innen dann Däitsch oder Franséisch als Sproch ewechloossen. An hunn dofir dräi Stonnen d’Woch Lëtzebuergesch Sproochecours. Op der A sinn et der fënnef.
Léiwer Lëtzebuergesch wéi Franséisch
Den Olivier ass op enger General, also enger G, an huet sech fir Lëtzebuergesch entscheet. Seng Motivatioun:
"Fir Franséisch ewech ze loossen als Haaptgrond, mee och fir d'Sprooch nach kënne besser schreiwen ze kënnen an ze beherrschen, well dat kann net jiddweree vu sech behaapten."
D’Lola huet sech och decidéiert déi lescht zwee Joer Franséisch fort ze loossen an dofir Lëtzebuergesch ze maachen. Him ass d’Decisioun awer méi schwéier gefall wéi sengem Klassekomerod.
"Mir waren nach an deem System, wou ee souwuel op 7ème wéi och op 4ème Lëtzebuergesch hat. Ech hunn du geduecht, okay cool, hei kann een dat nach weidermaachen, dann huelen ech déi Chance gären. Ech wosst am Ufank net direkt, wéi eng Sprooch ech wéilt fortloossen. Dat heescht, dat war definitiv keng einfach Decisioun."
Ass Lëtzebuergesch e schwieregt Fach?
Den Exame wier bei deenen Zwee gutt gelaf. Schwiereg wier Lëtzebuergesch als Fach eigentlech net, seet d’Lola.
"Doduerch, datt et meng Mammesprooch ass, läit et mer och elo besser wéi verschidden aner Sproochen."
Op d’Fro, wat déi gréissten Erausfuerderung beim Léiere vun der Lëtzebuergescher Orthographie war, sot den Olivier:
"Déi E-Reegel, ob do elo en Trema kënnt oder zwee E-en oder den Accent oder esou."
Sprooche si bei de Schüler net méi exklusiv gefrot
De Pilotprojet Lëtzebuergesch als Sproochefach ass 2023 am Lycée Michel Rodange lancéiert ginn. No dräi intensive Jore Sproochecours hunn déi siwe Schüler:innen hiert Wësse gëschter also als Éischt och an engem Premièresexame missen ënner Beweis stellen. Hir Proff, d'Catherine Millim, erkläert wéi den Examen opgebaut war.
"Si haten d'Buch Bluttsëffer vum Jemp Schuster, also dat hu mir dëst Joer behandelt, an och nach zwee kleng Theaterstécker vum Pol Greisch an et ass elo eent vun deenen zwee komm. An do musse si dann eng literaresch Dissert dozou schreiwen."
De schrëftlechen Exame wier deemno änlech opgebaut wéi am Däitschen. Déi siwe Schüler:innen aus hirer Klass wiere vun de Sektioune B bis G, esou d‘Lëtzebuergesch-Proff. Vun der Sproochesektioun A hätt kee sech gemellt. Allgemeng géifen ëmmer manner Schüler:inne sech fir eng A entscheeden, erzielt d’Catherine Millim.
"Dat léisst einfach ëmmer méi no, dass d'Leit Interessi just u Sproochen hunn, well och op den Unien ëmmer méi gefrot gëtt, wou se da fäerten, dann hu se vläicht Fächer, déi feelen. An dowéinster, jo, wielen ëmmer manner Schüler d'A."
Op d’Fro, ob dann net och d’Fach Lëtzebuergesch am Premièresexame kéint een negativen Impakt hu wann ee wéilt am Ausland studéieren, sot d’Enseignante ganz kloer Nee.
"Et bréngt engem esou vill méi duerno, wann een erëm zeréck op Lëtzebuerg kënnt zum Beispill. Si leeren déi komplett Orthographie, si kënnen sech déi zertifiéiere loossen, dat heescht wann se eng Aarbecht sichen. Lëtzebuergesch gëtt ëmmer méi gefrot, wann een dat perfekt schreiwe kann, dann ass dat awer e grousse Virdeel."
Och d’Lola gesäit hei kee Problem. Op enger D hätt ee jo beispillsweis ëmmer nach Eco, Mathé a Compta op Franséisch. Déi dräi Stonne Lëtzebuergesch d’Woch géif d’Sproochkompetenzen am Franséischen deemno net negativ beaflossen.
Den Olivier gesäit et och als Atout. Net Jidderee kéint vun sech behaapten, richteg Lëtzebuergesch schreiwen ze kennen. Op d’Fro, ob hien dann elo och an Chat-Noriichten oppasst all Accent an Trema richteg ze setze sot den Olivier:
"Ech passen et schonn heiansdo drop op, virun allem bei mengen Elteren, mee esou mat Kolleegen, an do denken ech mer der esou, muss dat elo sinn, ech maache mer elo net déi méi, mee esou, wann et méi wichteg ass, da passen et schonn op."
Wat déi Zwee spéider maache wëllen, wësse si nach net. Esou oder esou: no den Examen hu si sech fir d’éischt eemol eng Auszäit verdéngt.
D'nächst Joer fält den Examen aus
D’nächst Joer wäert et iwweregens kee Premièresexamen am Lëtzebuergesche ginn. Dat, well net genuch Schüler:inne sech fir dëst Fach ugemellt haten. D’Catherine Millim ass awer zouversiichtlech. All Ufank wier schwéier an d’Schüler:inne bräichte villäicht nach Zäit an och Courage fir nei Weeër ze goen.