Energie

Fuerderung no enger Extra-Steier fir Pëtrolskonzerner, déi héich Gewënner maachen

Eng Rei vun europäesche Staaten, dorënner Däitschland, verlaangen eng Extra-Steier fir Pëtrolskonzerner, déi ganz héich Gewënner maachen. Déi gëllen nämlech als potentiell Krisegewënner wärend d‘Präisser fir d‘Clientë klammen.

auto_stories

1 min

Tankstell  | ©  EPA/ANNA SZILAGYI
Tankstell (Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

Den däitschen SPD-Finanzminister Lars Klingbeil sot op engem Ministermeeting zu Dublin, datt ee sech vun der EU-Kommissioun Virschléi an déi Richtung erwaart. Bréissel wier an dëser Fro bis elo zevill zeréckhalend.    

Och Italien, Eisträich, Polen a Portugal stinn hanner der Fuerderung. D'Beneficer vun den Entreprisë sinn zënter dem US-israeeleschen Ugrëff op den Iran am Februar an d'Luucht gaangen. Mat deene Gewënner kéint ee beispillsweis d'Clienten entlaaschten, esou d'Argumentatioun vun de Länner.