Ukrain

Dronenugrëff bei iwwerraschendem Solidaritéitsbesuch vum Friedrich Merz zu Kiew

Den däitsche Bundeskanzler ass um Sonndeg fir eng net ugekënnegt Visitt op Kiew gereest. Hien huet der Ukrain zougeséchert, datt Däitschland weider de wichtegste Partner am Krich géint Russland wëll sinn a weider Hëllef annoncéiert. Iwwerdeems waren ëmmer nees Dronenalarmen zu Kiew ze héieren.

auto_stories

2 min

Fir sech géint déi russesch Attacke kënnen ze verteidegen, huet de Friedrich Merz der Ukrain ënnert anerem Drone versprach. Aus Regierungskreesser heescht et, et sollen Dausenden Dronen un d'Ukrain geliwwert gi fir géint déi geféierlech russesch Ugrëffsdronen ze kämpfen. 

Donieft soll och d'Produktioun vu Laangstreckewaffe weider lafen. Eng Milliard Euro sollen alles an allem investéiert ginn. 

Visitt geprägt vun Dronenalarmen

D'Visitt vum Bundeskanzler an CDU-Chef Friedrich Merz kënnt zu enger Zäit an där et an der Ukrain méi dacks zu Dronenugrëffer kënnt - och op Persounenzich. Just e puer Stonne viru senger Visitt hat de russeschen Ausseministère gewarnt fir op Kiew ze goen. Russesch Truppe géifen nämlech als Reaktioun op "terroristesch Aktioune vun den ukraineschen Truppen" eng Reaktioun plangen. 

Wärend der Visitt ass et dunn och ëmmer neess zu Dronenalarmen an der ukrainescher Haptstad komm.

Ugrëff op Bréck am Norde vu Kiew

De Buergermeeschter vu Kiew Bürgermeister Vitali Klitschko huet am Laf vum Moien matgedeelt datt et op der Nordbréck vun der ukrainescher Haptstad zu enger Attack komm wier. D'Bréck ass ronn véier Kilometer vun der Gare a vum Zentrum vu Kiew ewech.

Bei senger Arrivée zu Kiew sot de Friedrich Merz, hie wier dohi gereest, well d'Ukrain an de nächste Woche vill Ënnerstëtzung bräicht. 

„Bald beginnt für die Menschen der fünfte Kriegswinter. Russland bombardiert Städte, Wohnhäuser und Heizkraftwerke.“

De Friedrich Merz wéilt och dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj haut nach eng Kéier soen, datt d'Ukrain op Hëllef aus Däitschland ziele kann. 

Zweet Visitt an der Ukrain fir de Friedrich Merz

D'Visitt vum Friedrich Merz ass déi véiert Visitt vun engem däitsche Bundeskanzler an der Ukrain zënter dem Ufank vum Krich am Februar 2022. Hie gëtt begleet vun der Wirtschaftsministerin Katherina Reiche an zéng Entreprisen aus dem Rüstungs- an Energieberäich. 

De Friedrich Merz war fir d'lescht am Mee 2025 op Kiew gereest.