Zënterhir kachen d'Spannungen tëschent der polnescher an der ukrainescher Populatioun nees op.
Parallele mat der Geschicht gi gezunn
Datt et sech beim Täter ëm een Ukrainer handelt, gëtt virun allem vu rietsextreeme Politiker benotzt fir ze polariséieren. Ënner anerem gëtt eng Parallel tëschent der brutaler Messerattack an de Massakere vu Volhynie ze zéien. Tëschent 1942 an 1944 si bei deene Massakere polnesch Duerfbewunner vun Ukrainer a Kierche bruecht ginn fir do ëmbruecht ze ginn.
Déi Rhetorik wier beonrouegend, huet ee Vertrieder vun den Ukrainer zu Warschau fonnt. Een esou ee schlëmme Fall géif duergoen, fir eng grouss Unzuel u Polen dovun ze iwwerzeegen, datt d'Ukrainer eng Gefor géifen duerstellen.
De Chef vun der kathoulescher Kierch a Polen huet d'Polen dozou opgeruff, net dem Haass ze verfalen a rapeléiert, datt een net vun der Dot vun engem Eenzelnen op eng ganz Natioun schléisse kann.
Text vum Adrien Sarlat