Volkswagen huet beispillsweis soss 4 bis 5 Milliarden Euro Benefice d’Joer a China gemaach. Elo ass et just nach knapp eng Milliard. Mee wouru läit dat? De Lazar Backovic seet de Réckgang wier op ee sougenannte "Verdrängungswettbewerb" vu méi wéi honnert chineesesche Marken zeréckzeféieren.
“Sie wollen alle Marktanteile bekommen, und die Folge ist, die Preise sind sehr niedrig."
Chineesesch Autosmarken halen hir Präisser déif
Fir esou vill Parten um Marché ze kréie wéi méiglech, géifen dës Firmen d'Präisser drécken. A China géif ee beispillsweis fir 20.000 bis 30.000 Euro ee wierklech gudden Neiwon kréien. Däitsch Autosmarke géife bei dëse Präisser net matzéien an esou Deeler vum Marché verléieren.
"Was (diese Art von Wagen) hier locker, sag ich mal, das Doppelte kosten würde. Deutsche Automarken ziehen sich aus diesem Preiskampf zurück und verlieren so Marktanteile.”
Marke wéi BYD imposéieren sech um europäesche Marché
Chineesesch Autosmarken, wéi beispillsweis BYD, imposéieren sech och ëmmer méi um europäesche Marché. Fréier hu chineesesch Autosbauer géint europäescher den zweete Präis kritt. Huet dat sech dann elo massiv geännert, och wéinst dem Elektroauto?
Vill vun dësen neie Marken déi den Ament géifen entstoen hätten eng wierklech exzellent Technik a kéinte sech labber mat däitscher Technik moossen. Mat der ganzer Elektromobilitéit wier esou eppes wéi ee Reset-Knapp gedréckt ginn, esou de Chef vun der Mobilitéitsredaktioun beim Handelsblatt am 100,7 Interview.
“In der Verbrennertechnik hatten die Chinesen überhaupt keine Chance, eigentlich besser zu sein als beispielsweise die deutschen Autobauer, aber auch eben andere internationale Autobauer. Und mit der Elektromobilität, also etwas anderer Technik, ist im Prinzip eigentlich dieser Wettbewerb von neuem gestartet.”
Huet Europa de Moment verpasst?
Datt déi däitsch Autosindustrie d’Elektromobilitéit verschlof hätt, ënnerschreift de Lazar Backovic net ganz. De VW-Konzern mat all senge Marken, wéi Cupra oder Skoda, wier schliisslech dee gréisste Fournisseur vun Elektroautoen an Europa. Datt déi däitsch Industrie vläicht e bësse spéit mat der Elektromobilitéit ugefaangen hätt, hätt haaptsächlech mam Verbrenner ze dinn.
“Der Verbrenner ist eigentlich für die deutsche Autoindustrie Fluch und Segen zugleich."
Mat Verbrennerautoe géife Volkswagen, BMW a Mercedes bis haut gutt Sue maachen. Dat well d'Technik ausgeräift wier an ee kaum nach Käschten an d'Entwécklung misst stiechen. Bei den Elektroautoen dogéint schonn.
"Elektroautos dagegen, das erfordert enorme Investitionen, bringt aber bislang dadurch auch deutlich geringere Margen. Also das heißt, an einem Auto verdient man deutlich weniger. Und genau da liegt das Dilemma.”
Den Hin an Hier vum Verbrenner-Aus huet der Industrie geschuet
Virgaben aus der EU schreiwen och gewësse Produktiounstauxe vun E-Autoe vir. D’Hiersteller dierfen nämlech gewëssen CO2-Wäerter bei der Produktioun an hire Produiten net iwwerschreiden. Dobäi kënnt nach, datt ee fir en Elektroauto ze bauen däitlech manner Personal brauch, well déi manner Eenzeldeeler hunn - wat och nees en Deel vum Personalofbau erkläert.
Mee huet d’EU-Verbrennerverbuet fir 2035 - wou grad doriwwer diskutéiert gëtt et opzeweechen - iwwerhaapt en Impakt op d’Industrie?
“Was nicht geholfen hat, ist quasi das Hin und Her eigentlich in dem Kurs."
An Däitschland wier et jo eng laang Zäit och eng "Elektroautoprämie" ginn. Dës wier awer quasi iwwer d'Nuecht ofgeschaaft ginn. An och wa se nees agefouert gi wier, hätt dat bei de Keefer fir vill Onsécherheet gesuergt.
"Damit hat das Image auch eigentlich von Elektroautos, zumindest in Deutschland, gelitten. Man konnte das ziemlich genau auch in den Zulassungszahlen sehen.”
Déi onkloer Strategie hätt d’Vertrauen an d’Elektromobilitéit sécher reduzéiert a géif dann och dozou féieren, datt manner E-Autoe kaf ginn, esou nach de Chef vun der Mobilitéitsredaktioun vum Handelsblatt Lazar Backovic.