Automobilindustrie

Däitschen Automobilkonzern BMW wëllt 8.000 Plazen ofbauen

BMW wäert global 8.000 Plazen ofbauen. Aktuell beschäftegt de bayresche Konzern 154.000 Mataarbechter:innen. Dovu schafft ca. d'Hallschent an Däitschland. De Stellenofbau soll iwwer natierlech Fluktuatioun an e fräiwëllegen Entschiedegungsprogramm geschéien.

auto_stories

1 min

De BMW-Haaptsëtz zu München | ©  EPA/RONALD WITTEK
De BMW-Haaptsëtz zu München (Foto: EPA/RONALD WITTEK)

An Däitschland leeft dee Programm vun Oktober un bis Enn 2027 a riicht sech un d'Mataarbechter:innen baussent der Produktioun.

Schonn zënter Mëtt Juni war iwwert e méiglechen Ofbau vun de Plaze bei BMW spekuléiert ginn. Deemools hat de BMW-Chef Milan Nedeljkovic annoncéiert Moossnamen ze ergräife fir de Konzern ëmzestrukturéieren a méi efficace ze maachen. Wéi vill de Plazenofbau BMW wäert kaschten ass den Ament nach net gewosst.

BMW ass domat de leschte Konzern an der Rei vun däitschen Autosbauer, deen am grousse Mooss Plazen ofbaut. Volkswagen, Mercedes, Audi a Porsche haten d’lescht Joer schonn ugekënnegt manner Leit wëllen ze beschäftegen.

Viru puer Deeg war offiziell ginn, datt Porsche 5.000 Plaze géif ofbauen. Bei Volkswagen gëtt schonn iwwert deen zweete groussen Ofbau diskutéiert.

Wouru läit et?

Déi däitsch Autosindustrie deet sech a leschter Zäit besonnesch mat der Konkurrenz aus China schwéier. Um chineesesche Marché spillen däitsch Autoe keng sou grouss Roll méi, wéi dat mol de Fall war. Dobäi kommen nach chineesesch Autosbauer, déi d'Präisser massiv no ënnen drécken. 

Iwwerdeems spillen déi US-amerikanesch Douanestaxen, wéi och de Krich am Noen Osten der däitscher Industrie net an d'Kaarten.