An de leschte Méint hunn e puer Ekippen ugekënnegt, sech aus dem Championnat zeréckzezéien. A sengen Aen géif et sech dobäi éischter ëm ee gesellschaftlecht Phenomeen handelen an ëm een Defi, deem sech de Sport insgesamt stelle muss.
De Basket soll nees méi an Zeen gesat ginn
D'FLBB wëllt sech deem Defi awer lo unhuelen, seet de Max Krippler.
"Do gëllt et drëm als Federatioun dann och an Zukunft och déi Visibilitéit ze kréien a mat enger gewëssener Kommunikatioun no baussen de Basket erëm esou an Zeen ze setzen, dass d'Leit och Loscht hunn, eis Ligue kucken ze goen."
Dat wier eng vu senge Prioritéiten, wann hien e Samschdeg géif als President gewielt ginn. D'Chance sti gutt - hien ass eenzege Kandidat an hie gouf vum fréiere President, dem Samy Picard, als säin Nofolger virgeschloen.
EM 2029: Lëtzebuerg wëllt eng Virronn
Eng weider Prioritéit wier et, den Dammebasket nees méi an de Virdergrond ze stellen. Dobäi géif deen awer guer net esou schlecht do stoen - d'Unzuel u Lizenze géif stabel bei ronn 30 Prozent vun all de Lizenze leien. Dobäi kënnt, datt sech dräi nei Fraenekippe ugemellt hunn. Ee positiivt Zeeche fir de Max Krippler, dee fir d'LSAP am Gemengerot zu Suessem sëtzt.
Trotzdeem wéilt een eng méi grouss Visibilitéit kréien. Dofir wéilt ee sech melle fir eng Virronn vun der Baskets-EM 2029 zu Lëtzebuerg ze organiséieren.
"Dat soll och weisen, datt mer gewëllt sinn an den Dammen- an an de Meederchersbasket ze investéieren. Dat kann och méi si wéi just eng Kompetitioun. Dat soll eng gewësse Legacy hannerloossen, wou mer soen, dat do ass en Ophänkert, dee mer notze fir am Allgemengen och den Dammen-an de Meederchersbasket an d'Vitrinn ze setzen an u virzebréngen."
Fir eng ganz EM zu Lëtzebuerg ze organiséiere géif et virop un de finanzielle Moyene feelen, erkläert de Max Krippler.