De President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal, Claude Reuter, schwätzt vun enger Rei Schwaachstellen an der Cybersécherheet vun de Gemengen déi an dësem Fall vu Kriminellen ausgenotzt gi wier.
EU-Richtlinn hätt kënnen hëllefen
Op d’Ëmsetzung vun der EU-Richtlinn NIS2 zur digitaler Sécherheet, zum Beispill, hätt een ze laang gewaart.
"De Minister huet jo scho méi laang Propositioune gemaach, dass mer dee ganze finanztechnesche Volet kënnen op de Leescht huelen. D'Signature digitale misst beschwat ginn, de Véier-Ae-Prinzip, mir si mat allem mat."
D'EU-Richtlinn NIS2 hätt scho laang missten ëmgesat sinn, esou de Claude Reuter. Et kéint een awer net soen, dass de Bedruchsfall mat dëser Richtlinn net geschitt wier.
"Mee mir sinn awer iwwerzeegt dovunner, dass wann wéi hei eng Modifikatioun wier, an ech mussen nach eng Kéier duerch den NIS 2 lafen, fir d'Verifikatioun vum Risiko ze maachen, wier awer vläicht nach e weideren Outil gewiescht, fir eng Detektioun vläicht ze maachen."
FGFC hëlt Gemengemataarbechter a Schutz
An engem Communiqué de Moien hat d'FGFC scho geschriwwen, datt hiren Informatiounen no kee vun de betraffene Mataarbechter eng Ännerung vun de Kontodaten opgrond vun engem Telefonsgespréich virgeholl hätt. All virgesi Prozedur wier agehal ginn.
D’FGFC kritiséiert d’Medie fir feelerhaft Berichterstattung, déi d’Schold beim Gemengepersonal gesicht hätt, ier déi genee Ofleef bekannt gi sinn. Weider Detailer nennt d’Gewerkschaft an hirem Schreiwes net.
Gemeng Déifferdeng hat der falscher Persoun 400.00€ iwwerwisen
Begréisst gëtt vun der FGFC awer deen neie Véier-Ae-Prinzip, deen den CSV-Inneminister Léon Gloden an der Suite vun de Virfäll zu Déifferdeng nieft anere Mesuren annoncéiert huet an déi dat kommunaalt Finanzwiese méi sécher maache sollen. Ëmmerhi géing et bei de Gemengen un eenheetleche Reegele feelen.
De Mëttwoch ass bekannt ginn, dass d’Gemeng Déifferdeng an engem Bedruchsfall der falscher Persoun 400.000€ iwwerwisen huet.