De Buergermeeschter geet dovun aus, datt Onbekannter sech Zougang zum E-Mail-Verkéier tëschent der Gemeng, der Baufirma an dem Architektebüro verschaaft hunn.
De lénken Oppositiounspolitiker Gary Diderich fuerdert dofir méi staark Sécherheetsmesurë beim Ëmgang tëschent Gemengen an externe Fournisseuren.
Gemeng muss och bei Fournisseuren oppassen
Am Kader vum Bauprojet vum Gemengenhaus zu Déifferdeng hat d’Gemeng eng Rechnung vun enger Baufirma fir 400.000 Euro kritt. Am weidere Verlaf vun der Kommunikatioun hat eng onbekannt Persoun nei Kontodaten fir de Montant vu 407.000 Euro genannt.
De Gary Diderich vun déi Lénk fënnt, datt d’Gemeng bei esou enger Ännerung vun engem Fournisseur besser oppasse misst.
"Datt ee bei héije Beträg aner Kontrollen abaut, bei enger Kontosännerung op jiddefalls aner Kontrollen abaut. Datt een da seet, déi éischt Kéier iwwerweise mir ee klenge Betrag dohinner oder mir froen net einfach esou en digitalen RIB."
Den Oppositiounspolitiker ass der Meenung, d’Gemeng hätt selwer sollte bei der Bank nofroen, wéi legitim de Wiessel wier. Wichteg wier och, sech net nëmme selwer virun Attacken ze schützen, mee och ze kucken, datt et bei de Fournisseure keng Schwaachstelle gëtt, seet de Gary Diderich.
"Als Gemeng muss een ëmmer weider dru schaffen, datt ee selwer net kann infiltréiert ginn, mee och kucken, datt seng Fournisseure sech der Gefor bewosst sinn."
Sue si wuel fort
Den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch hat gëschter am Gemengerot gesot, déi betraffe Servicer hätte mëttlerweil hir Sécherheetsmesurë verstäerkt. Et hätt een och alles probéiert fir d’Suen zeréckzekréien.
"Banke goufe kontaktéiert, fir d'Fongen zeréckzeruffen an eng Blockéierung ze erreechen. Eng Demande de Retour gouf initiéiert, leider ouni Succès. Den Dossier gouf un déi zoustänneg Police- a Justizautoritéite weidergeleet."
D’Gemeng geet dovunner aus, datt d’Sue fort sinn.