“Eise Wonsch wier natierlech, datt all 27 EU-Memberstaate beim Europäesche Parquet matmaachen”, dat fir méi efficace an harmoniséiert kënnen ze schaffen, seet de Gabriel Seixas. Hien ass zënter 2020 Lëtzebuerger Vertrieder bei deem Parquet um Kierchbierg. Mat Dänemark an Irland géif et eng ganz gutt Kooperatioun ginn.
"Dir wësst och villäicht, datt Irland iwwerleet, fir vläicht elo Enn dës Joers respektiv d'nächst Joer nozezéien. Do ass eng Persoun genannt ginn, fir eng Etüd ze maachen, dat heescht, déi ass och en cours."
Mat Ungarn wier et e bësse méi schwéier, esou den Europäesche Procureur. Am Moment wier et esou, datt d'EPPO do ganz vill parallel Enquête lafen hätt, an et wier schwéier en Accord ze fannen, wien am Fong de Lead soll hu wärend der Enquête.
EPPO responsabel fir Finanz-Bedruch opzeklären
An der Praxis, bei Fäll, déi Ungarn concernéieren, géif dat zu Problemer féieren, erkläert den Europäesche Procureur Gabriel Seixas. Generell ass virgesinn, datt soubal et ee Bedruch géintiwwer de finanziellen Interesse vun der Europäescher Unioun gëtt, wéi zum Beispill Subsidebedruch, den Europäesche Parquet kompetent ass.
"Dat heescht mir hunn och d’Flicht déi Dossieren z’enquêtéieren, wat mir dann och maachen."
Ganz dacks wier et och esou, datt Ungarn Plaintë kritt an dann och parallel Dossieren opmécht. Wou een de Moment nach e bëssen hänken géif, wier am Kader vun der Kooperatioun, fir un d'Beweismaterial ze kommen, dat een iwwer déi ungaresch Autoritéite kéint kréien, esou den Gabriel Seixas am 100,7-Interview.
"Do si mir am Moment, kann ech soen, komplett blockéiert."
Géigekandidat fir e Bäitrëtt vun Ungarn
Ungarn ass ënner anerem politesch dogéint, beim Europäesche Parquet matzemaachen. Den EU-Staat wëllt seng national Kompetenze bei der Strofverfollgung schützen. Budapest fäert, datt den Europäesche Parquet géint déi ungaresch Regierung agesat gëtt.
Dee wichtegste Géigekandidat vum Premier Viktor Orbán bei de Parlamentswalen den 12. Abrëll dëst Joer, de Péter Magyar ass dofir, datt Ungarn dem Europäesche Parquet bäitrëtt, mam Zil d’Korruptioun ze bekämpfen an agefrueren EU-Sue fräizekréien.