Mat der Rekordunzuel u Leefer:inne géif sech weisen, datt méi Leit sech fir de Lafsport begeeschteren, esou den Organisateur Erich François. Bei der Altersklass 60 bis 69 wier et eng Hausse vun 39 Prozent. Bei de Leit tëschent 20 an 30 esouguer eng Hausse vun 41 Prozent am Verglach mat de Covid-Joren.
Deen eelsten ugemellte Leefer ass iwwregens och dëst Joer nees de Josy Simon, dee mat 93 Joer un de Start wäert goen.
Ofgesot: Slacklin-Show tëschent zwee Héichhaiser
Den Organisateur vum Nuets-Marathon fënnt, datt et all Joers géif méi schwéier ginn, fir esou een grousst Event hei am Land ze organiséieren. Dat wéinst zousätzleche Reglementatiounen, beispillsweis beim Dronen-Fluchverbuet, esou den Erich François.
"Wir haben das selber beantragt, aber nur deshalb, damit niemand fliegt, den wir nicht kennen, um Gefahren abzuwenden. Jetzt wurde ein Reglement festgelegt für alle Drohnen. Und dann habe ich gesagt, das ist ein Fehler im Reglement, und dann heisst es, es tut uns leid, aber das ist so beantragt worden, das kann jetzt nicht mehr geändert werden."
Onzefridde war den Organisateur awer och wéinst der Ofso vun enger Slacklin-Show, déi um Dag vum Marathon, tëschent zwee Héichhaiser um Kierchbierg hätt solle sinn.
De Stater Nuetsmarathon ass nächste Samschdeg de 16. Mee.