Sport

D'Squash-Spillerinnen a -Spiller op der Europameeschterschaft: Hoffen op een Opstig

Op der Kockelscheier gëtt zënter e Mëttwoch, an nach bis e Sonndeg, d'Europameeschterschaft an der Divisioun 3 am Squash gespillt. D'Zil vun de Lëtzebuerger ass souwuel bei de Männer wéi och bei de Fraen den Opstig an déi zweet Divisioun.

auto_stories

6 min

headphones

5 min

Squash-Terrain | © Pit Beffort play_arrow
Squash-Terrain (Foto: Pit Beffort)

Mam Amir Samimi steet de beschte Lëtzebuerger op Plaz 240 an der Weltranglëscht. Fir nach méi eng grouss Roll um Weltniveau ze spillen, wëllen déi Responsabel vun der Squashfederatioun de Sport zu Lëtzebuerg professionaliséieren. 

Squash ass eng Raquettesportaart, bei där een - anescht wéi beim Badminton oder beim Tennis - um selwechte Spillfeld wéi säi Géigner steet.

Technik, Taktik an Ausdauer - Mee och de Kapp ass wichteg

Et wier eng extreem villsäiteg Sportaart, seet de Christopher Votion, deen zënter bësse méi wéi engem hallwe Joer techneschen Direkter vun der Nationalekipp ass. 

E Squashspiller bräicht Technik, Taktik, eng gutt Ausdauer an eng staark Psyche.

"Les choix que vous allez faire en fait peuvent l'emporter sur quelqu'un qui a un meilleur physique que vous. La technique, plus vous savez faire de choses, plus vous maîtrisez votre environnement, plus ce sport devient fun, parce que vous faites courir l'autre en fait, et c'est plus vous qui courez."

Zu Lëtzebuerg ginn et e bësse méi wéi 300 lizenzéiert Spiller:innen, seet de Christopher Votion. Wann een d’Leit dobäi géif zielen, déi reegelméisseg spillen a keng Lizenz hunn, da géif et scho Richtung 1.000 goe mengt hien. Et géif deemno duerchaus Interessi un der Sportaart bestoen, esou den techneschen Direkter.

De Sport wëllt sech professionaliséieren

Elo géif et dorëms goen den Interessi ze notzen. Genee fir dat ze erreechen, ass de Christopher Votion, och vun der Lëtzebuerger Squash Federatioun engagéiert ginn.

"Voir comment on peut retrouver un peu plus de jeunes dans ce sport, retravailler mieux avec les clubs aussi. Comment on peut aider les clubs à développer mieux. Aujourd'hui, on a un nouveau coach national aussi. Comment est-ce que nous, on va déployer du temps pour améliorer le squash sur la situation des licences aussi du squash ici, retravailler sur la formation des coachs sportifs au Luxembourg." 

Et géif also genuch Chantiere ginn, op deenen hien als techneschen Direkter kéint schaffen, seet de Christopher Votion. D’Federatioun zielt dobäi och op seng Erfarung.

Schonn zënter 35 Joer ass de Christopher Votion am Squash aktiv. Fir d’éischt als Spiller, dann als Trainer a méi spéit och an anere Funktiounen.

"J'ai déjà développé pas mal de choses du côté français. Je travaille toujours avec la fédération française de squash aussi sur du développement." 

Fir d’Entwécklung vum Sport zu Lëtzebuerg virunzedreiwen, bräicht et dem Christopher Votion no virun allem eng besser Zesummenaarbecht tëschent de Clibb an der Federatioun.

"Comment on les fait rentrer dans les cours de squash, comment aussi on les fidélise à la pratique. Voilà, ça c'est plus de personnes dans les clubs. Et si les clubs n'ont pas de coach ou autre, comment la fédération peut aider à installer quelque chose et puis travailler après sur une offre de coach, amener des gens à travailler dans les clubs."

Säin Zil wier et eng Strategie auszeschaffen, fir datt d’Kooperatioun tëschent de Concernéierte besser funktionéiert.

De Christopher Votion | © Pit Beffort
De Christopher Votion (Foto: Pit Beffort)

De Präis géif nach ofschrecken, méi ëffentlech Terraine kéinten dat änneren

En anere Punkt, deen hie wëllt verbesseren, ass d’Kommunikatioun ronderëm d’Sportaart.

"Le squash, il doit prendre la tangente et aller aussi montrer qu'il existe déjà comme aujourd'hui, communiquer autour de lui et aussi se montrer, mais participer aux appels à projets et tout ce qui se passe au niveau de ce que le Luxembourg propose. En tout cas, il y a quelque chose à faire là-dedans." 

Wat d’Infrastrukturen ugeet, wier een zu Lëtzebuerg scho guer net esou schlecht opgestallt, seet de Christopher Votion. Natierlech wier hie frou iwwer all Terrain deen dobäi kéim. Virun allem ëffentlech Terrainen.

"Le prix reste quand même un frein pour une bonne partie de la population. Donc je pense que plus de structures publiques, ça peut être pas mal. Il y a un projet à Belval, ils vont monter deux terrains là, donc ça c'est top. Ce qui veut dire aussi que le squash s'insère dans des structures modernes et qu'on veut de ce sport."

Virop bei jonke Leit kéint dat e Problem sinn. Mee et wiere genee déi jonk Leit, déi sech fréi fir de Squash solle begeeschteren, erkläert den techneschen Direkter.

"On a des jeunes en fait, ils sont là. Ce qui manque c'est, qu’on va se coordiner ensemble pour faire, quelque chose avec tous ces jeunes. Donc je dirais que déjà ils sont là, mais que nous d'ailleurs on doit un peu collaborer avec le club pour arriver à faire quelque chose avec ces jeunes et les fidéliser au sport et leur montrer qu'on peut faire plus de choses." 

Als Virbild fir déi ganz Jonk sollen den Amir Samimi an d’Elisenda Ruiz-Kayser gëllen. Si si bei de Männer, respektiv de Fraen, d’Nummer 1 zu Lëtzebuerg a stinn alle béid am Promotiounskader vum COSL.

Hoffnung op den Opstig ass grouss 

Den 21 järegen Amir Samimi ass Elittesportler bei der Arméi. A sengen Ae wieren d’Viraussetzungen sech zu Lëtzebuerg ze entwéckelen u sech gutt. 

"Dat eent, wat mir feelt, ass Matchplay. Dat heescht, Leit ze hunn, déi op mengem Niveau kënne mat mir Matcher spillen. Mee och dofir ginn ech vill an d’Ausland, fir ze trainéieren. An ech probéiere mäi Bescht, fir datt do ëmmer een ass vun Zäit zu Zäit, mat deem ech esou en Trainingscamp ka maachen."

Den Ament steet hien nach op Plaz 240 an der Weltranglëscht. Un Ambitioune feelt et dem jonke Sportler awer net.

"Mäin Zil ass et do an déi Top 50 ze kommen an op long terme an halt ëmmer weider ze klammen, wann ech d'Chance kréien, do déi Tournéier erëm matzemaachen an esou mäi Ranking no uewen ze pushen."

Fir d’éischt emol steet fir den Amir Samimi mat der Härenekipp awer d’Europameeschterschaft an der Divisioun 3 um Programm. A wann et nom Amir Samimi geet, soll den Opstig an d’Divisioun 2 hier.

Lauschterenplay_arrow