Estland

Dräi russesch Kampfjetten am estnesche Loftraum - Moskau dementéiert

Nee, heescht et vu Moskau: Gëschter um Freideg wiere keng dräi Kampfjetten an de Loftraum vun Estland agedrongen. Déi Fliger hätten dat internationaalt Recht streng respektéiert a wieren iwwer neutraalt Gewässer geflunn.

auto_stories

1 min

© EPA/JAGADEESH NV
(Foto: EPA/JAGADEESH NV)

Déi estesch Arméi schwätzt awer vun 12 Minutten, an deene russesch Fliger onerlaabt am estnesche Loftraum waren.

D'Violatioun wier absolut inakzeptabel huet den estnesche Premier op X geschriwwen. D'NATO hat direkt reagéiert an huet d‘Fliger agefaangen.

Estland huet gefrot, datt d'NATO den Artikel 4 aktivéiert, dee Consultatioune virgehäit, wann een NATO-Partner bedrot gëtt.