Den Andrew muss och aus sengem aktuelle Wunnsëtz, der Royal Lodge zu Windsor, plënneren.
An Zukunft wäert hien Andrew Mountbatten Windsor heeschen.
Dat alles ass den Héichpunkt vun de Virwërf, déi dem Andrew am Kontext vum Epstein-Mëssbrauchsskandal gemaach ginn. Eng Partie brittesch Medien, dorënner d'BBC, mellen, den Andrew hätt keng Awänn géint d'Decisioun vum Kinnek.