Dräi Frae goufen zu Paräis vun engem Mann mat Messer ugegraff a blesséiert
Déi dräi blesséiert Frae wieren 19, 24 a 36 Joer al. Zwou vun hinne wiere schwéier an eng manner schwéier blesséiert, esou de franséischen Inneminister Laurent Nunez. Eng vun de Frae wier schwanger, esou de Buergermeeschter vum Departement, ouni weider Detailer ze nennen.
(Foto: EPA/YOAN)
Den Ugräifer wier mat zwee Kichemesser op si lassgaangen. Ee Policebeamten, deen net am Déngscht war, hätt de Mann iwwerwältegt a festgeholl.
Detailer iwwer d‘Motiv an d‘Hannergrënn vun der Dot wieren nach ganz onkloer, esou nach de Nunez. De presuméierten Täter hätt konfus Aussoe gemaach. Seng Identitéit wier och nach onkloer, well e keng Pabeier bei sech hat.