Chamberbilan

déi Lénk begréissen Decisioun zu den Israel Bonds

déi Lénk hu virun der Summerpaus e positive Bilan vun hirem Joer an der Chamber gezunn. Fir eng kleng Oppositiounspartei hätt ee vill erreecht, esou den David Wagner.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Chamberbilan vun déi Lénk | © Radio 100,7 play_arrow
Chamberbilan vun déi Lénk (Foto: Radio 100,7)

Als wichtegste Succès gouf genannt, datt d'Fräiheet fir ofzedreiwen an der Verfassung verankert gouf.

Zefridden iwwer Decisioun zu den Israel Bonds

D'Partei begréisst och d'Decisioun vun der CSSF, israeelesch Staatsobligatiounen no dem 31. August net méi zu Lëtzebuerg zouzeloossen.

"Natierlech begréisse mer dat. (...) De Problem war an eisen Aen, mee och an den Ae vu Volleksrechtler, datt dat net concordant ass mam Droit international par Rapport zur Konventioun zur Preventioun vum Genozid."

Fir d'Rentrée kënnt et iwwerdeems zu engem Wiessel an der Chamberfraktioun. Nom Rotatiounsprinzip vun der Partei ginn de Marc Baum an den David Wagner vum Gary Diederich an der Ana Correia ofgeléist.

Da Marc Baum war de Moien eisen Invitée vum Dag - Lauschtert de ganzen Interview hei

Lauschterenplay_arrow