De Conseilsmember an Affekot ass domat de Successeur vum Serge de Cillia, deen dem radio 100,7 um Donneschdeg confirméiert huet, datt hien demissionéiert huet. Dës Demissioun wier fir de Conseil iwwerraschend komm, seet de Guy Castegnaro.
"Mir woussten näischt vun der Intentioun, dofir soen ech, mir waren iwwerrascht. Mir hunn net geduecht, datt den Här de Cillia géif wärend dëser Reunioun zerécktrieden. [...] En offizielle Grond gëtt et zur Zäit net. Den Här de Cillia ass jo och net verflicht, eis dee Grond matzedeelen."
Fir e Vakuum a Konsequenze fir déi musikalesch Aktivitéit vum Orchester ze vermeiden, wier et zu senger kuerzfristeger Ernennung komm, esou de Guy Castegnaro weider.
Och de fréiere President vun den SEL an aktuellen Éierepresident Eugène Prim an de Serge de Cillia selwer hunn de Récktrëtt op Nofro hi bestätegt. Si hunn awer kee Grond fir de Récktrëtt genannt. De Serge de Cillia hat de Poste vum Administrateur délégué am Januar 2024 vum Eugène Prim iwwerholl.