Zu Lëtzebuerg këmmert sech d’ALA – d’Association Luxembourg Alzheimer – ëm d’Problemer vu Mënsche mat Alzheimer.
Nieft der Berodung vu potentielle Patienten an hire Familljen, bedreift d’ALA och Dagesfoyeren an ee Wunn- a Fleegeheem hei zu Lëtzebuerg, speziell fir demenzkrank Persounen. Ee vun deenen ass de Goldknapp zu Ierpeldeng.
E Mupp ka Leit mat Demenz hëllefen
Hei schafft och e pädagogesche Begleethond: Den Oskar. Hie schafft um Goldknapp – als ee vun enger Rei véierbeenege Mataarbechter. Hënn wéi den Oskar hunn e gudden Effekt bei der Behandlung vun Demenzpatienten. Seng Trainerin a Besëtzerin Nadine Thinnes erkläert, wéi den Oskar am Ëmgang mat neie Bewunner agesat gëtt.
"Seng Aufgab ass et eben do ganz kloer, wann ee positiv op Hënn reagéiert, fir eben déi ganz Situatioun opzelackeren, dat heescht, hie bréngt mat senger Presenz méi Humor an déi ganz Situatioun eran, hie bréngt Confort an hien huet esou eng Eisbrecherfunktioun."
Déierentherapie ass eng vun den net-medikamentéise Behandlungen, déi an den Heemer vun der ALA benotzt ginn. Och Musek a Konscht hunn e positiven Effekt op d’Bewunner. Kreativ Aktivitéit reegt d’Gehier un. Well och sozial Kontakter ee positiven Afloss hunn, gi reegelméisseg Schoulklasse fir Atelieren invitéiert, wéi den ALA-Direktiounsbeoptraagten Christian Nosbüsch erzielt.
"Esou versiche mir och ëmmer d’Theema Demenz och wierklech an d'Gesellschaft eranzebréngen an dee Stigma, deen Tabu vläicht e bëssen ze duerchbriechen."
De Geroch vum Iessen hëlleft de Leit
De sozialen Ëmgang huet e positiven a bremsenden Effekt op de Krankheetsverlaf vun der Demenz. Dowéinst wunnen déi meescht vun den 153 Gäscht "Um Goldknapp" a Wunnberäicher fir bis zu zwielef Leit. Hei gëtt zesumme giess a fir d’Bewunner gekacht.
Datt zu festen Zäiten an der Kiche gekacht gëtt an et no Iesse richt, hëlleft de Bewunner och sech zäitlech ze orientéieren.
De Christian Nosbüsch erkläert, firwat des Unitéite ronderëm eng zentral Kichen a Stuff gebaut sinn.
"D'Kummere sinn awer esou, datt si an optescher Nähe, also ouni wäit fort ze si vun där Stuff, bedeit de Mënsch mat Demenz, dee vläicht moies opsteet, sech net gutt zerechtfënnt, kuckt zur Kummerdir raus, gesäit awer dann direkt: 'Ah do ass een, do ass d'Kichen, do ass d'Stuff, dat erkennen ech erëm.'"
De Leit d'Angscht huelen
Fir déi méi schwéier krank Bewunner gëtt et e besonnesche Wunnberäich – d’Fleegeoas. An dësem groussen oppenen, helle Raum leeft roueg Musek a bis zu néng Gäscht ginn hei zesummen ënner engem himmelbloe Plaffong betreit. Iwwer engem Bett hänkt e Modellfliger vun engem fréiere Resident.
"D’Fleegeoas huet als Zil, Mënschen an enger awer scho méi wäit fortgeschrattener Situatioun vun der Demenz ze versuergen, déi awer ganz, ganz grousse Besoin hunn, net eleng ze sinn, déi also ganz vill mat Ängschte geplot sinn, well si eleng sinn, et ass ee Raum, wou néng Bewunner zesumme liewen."
De Bewunner hir Angscht virum eleng sinn ze huelen, gesäit och d’Aide-Soignante Arlette Correia Diaz als wichtegen Deel vun der Aarbecht um Goldknapp.
"Ech schaffe gäre mat deene Leit. Ech probéieren, vill Zäit mat hinnen ze verbréngen, well si sinn heiansdo an esou Phasen, wou si sech eleng fillen a si brauchen dat, datt mir eis Zäit huelen, fir ze probéieren, déi Leit ze verstoen. Vill Gedold muss een hunn. Et ass all Dag eppes Neies."
Demenz ass net nëmmen eng Krankheet, déi eeler Leit kréien
D’Bewunner um Goldknapp bleiwen am Normalfall iwwert de ganze Verlaf vun hirer Krankheet am Fleegeheem. En Hospiz wier et dowéinst awer net, seet de Christian Nosbüsch, Direktiounsbeoptraagte vun der ALA.
"Mir si kee geziilt Hospiz. Et däerf een einfach net, net esou nennen. Mir sinn e klassescht Wunn- a Fleegeheem. Eis Bewunner, déi heihinner kommen, hunn eng déidlech Erkrankung, déi fortschräitend ass, déi iergendwann einfach dozou féiert, datt si verstierwen, an dat geschitt da logescherweis och hei am Haus, wéi an, ech soen ech mol, all anerem Fleegeheem letztendlech och."
Am Duerchschnëtt dauert eng Demenzerkrankung sechs bis zéng Joer. A seelene Fäll kënne Betraffener awer bis zu zwanzeg Joer mat der Krankheet liewen. Esou ass et virun allem bei fréi Erkrankten. Um Goldknapp zu Ierpeldéng ginn et Bewunner déi nach keng 40 Joer hunn.
Memory Walk um Dag vum Alzheimer
Um Weltdag vum Alzheimer an d’Association Lux. Alzheimer organiséiert an dem Kader de 26. September hire Memory Walk deen iwwer d’Demenz an all senge Formen informéieren a sensibiliséiere soll. Dat ënner dem Motto: D’Demenz kennt keen Alter.