Cyclissem

De Mats Wenzel wäert d’nächst Joer fir déi spuenesch Ekipp Caja Rural-Seguros fueren

Den 23 Joer ale Cyclist war bis ewell fir déi aner spuenesch Ekipp Kern-Pharma aktiv. Beim rezenten Tour duerch Spuenien war de Mats Wenzel um Enn den 103. am General. Et war seng éischte Participatioun un enger Grand Tour.

auto_stories

1 min

De Mats Wenzel | © picture alliance / NurPhoto | Xavier Bonilla
De Mats Wenzel (Foto: picture alliance / NurPhoto | Xavier Bonilla)

De jonke Lëtzebuerger Cyclist ass virdrunner scho fir d'Developpement-Teams vu Leopard a Lidl-Trek gefuer.

Seng Nach-Ekipp Kern Pharma steet virum Aus. Fir déi nächst Saison feelt nach en Haaptsponsor, ouni dee keng Lizenz ugefrot ka ginn. Et war deemno kloer, datt de Mats Wenzel sech no enger neier Ekipp huet missen ëmkucken.

Vun enger ProTour-Ekipp bei déi aner

Caja Rural - Seguros RGA ass eng ProTour-Ekipp. Dat bedeit, datt si um zweethéchsten Niveau am Proficyclissem aktiv sinn, genee wéi Kern Pharma. Dat bedeit, datt een net automatesch un all grousser Course deelhuele kann.

D'Ekipp war - a senger haiteger Form - dëst Joer allerdéngs eng éischte Kéier op Aluedung beim Tour de France dobäi.

Dem Mats Wenzel säi Kontrakt leeft bis integral 2028.