Weider Detailer missten an den nächste Wochen ausgeschafft ginn. Kuerz virdrun hat den US-President matgedeelt, datt de Friddensrot een Accord fir ee "komplett Entwaffne" vun der Hamas erreecht hätt. Israel soll bereet sinn, sech aus der Gazasträif zeréckzezéien.
Dem Donald Trump säi Friddensrot ass ëmstridden: Kritiker no wier dëse Gremium eng Konkurrenz zur UNO. Responsabeler vun der Hamas hu confirméiert, datt et een Accord géif ginn.