Op enger Pressekonferenz hunn den LSAP Co-President Georges Engel, den Deputéierte Claude Haagen an d’Presidentin vun de Stater Sozialiste Yolande Koster-Kaiser hir Propose virgestallt a gewarnt, datt de gesellschaftlechen an individuelle Wäert vun der Aarbecht ze vill an den Hannergrond géif geroden.
Congé parental nom skandinavesche Modell
Dobäi wier Aarbecht méi wéi nëmmen Akommes. D'Oppositiounspartei wëllt sech dann och fir eng besser Work-Life-Balance vun de Leit asetzen. Dëst mat der Aféierung vun enger 38-Stonne Woch, enger sechster Congéswoch an engem Congé parentale nom skandinavesche Modell, also mat enger Deel-Obligatioun fir béid Partner.
"Dat schéngt eis eng gutt Méiglechkeet ze sinn, fir och d'Responsabilitéit, d'Gläichstellung an der Koppel no vir ze dreiwen an och ze kucken, datt jidderee seng Roll am Stot, am Plangen, an der mentaler Veraarbechtung vun all deenen Aarbechten, déi mussen do gemaach ginn, kann iwwerhuelen."
Dat géif just ufänke mam Kannerkréien a misst duerno virugefouert ginn, mengt de Georges Engel.
"Datt dann och déi Zwee dat weider esou maachen a sech och dann d'Care-Aarbecht, d'Fleege-Aarbecht, d'Erzéiung an esou weider richteg opdeelen ënnerteneen."
LSAP proposéiert eng "Robotertax"
Och op d’Digitaliséierung misst ee mat Zäite reagéieren, esou d’Sozialisten. Dëst zum Beispill mat enger breeder Offer u Formatioune fir all d’Salariéen. Leit ouni Zougang zu Bildung oder enger Weiderbildung géife riskéieren, den Uschloss ze verléieren.
D’LSAP proposéiert dann och d’Aféiere vun enger sougenannter “Robotertax”. Entreprisen, déi mënschlech Aarbechtskräften duerch Maschinnen a Kënschtlech Intelligenz ersetzen, misste besteiert ginn. Computeren a Robotere géife schliisslech keng Steieren a keng Pensioune bezuelen, an hei géif et em eng fundamental Fro vu Gerechtegkeet goen, esou d’Argument vun de Sozialisten.