Co-President vun de Jusoen

D'LSAP ass eng Partei, déi déi Jonk an déi éischt Reie léisst

Politesch waren déi lescht Wochen zu Lëtzebuerg zimmlech gelueden. Fir eng Partei ass dat dann och ëmsou méi ustrengend, wann intern Diskussiounen dobäi kommen. Dovu kann d’LSAP e Lidd sangen, déi zënter dem Ufank vum Joer ëmmer nees wéinst Personal-Theemen op sech opmierksam gemaach hunn.

auto_stories

4 min

headphones

13 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Am Summer war et Kritik un der Fraktiounscheffin Taina Bofferding, déi ze héiere war. Am Januar du koum d’Demissioun vum Ben Streff als Parteimanager. Seng Kritik: Déi etabléiert Politker:innen an der LSAP géinge sech net genuch um Terrain engagéieren.

D’Lescht Woch koum dunn d’Nouvelle, datt de fréiere President vun de Jonke Sozialisten, den Amir Vesali, d’Partei a Richtung CSV verléisst. Dat, well hien, eegenen Aussoen no, bannent der Partei Steng an de Wee geluecht kritt hätt.

Jonker an déi éischt Rei gelooss ginn

Den aktuelle Co-President vun de Jonke Sozialisten, den Olivier Cano, gesäit an deenen Dossiere kee Grond zur Beonrouegung. Beim Ben Streff hätte senges Wëssens no och nei berufflech Ziler zur Entscheedung gefouert, d’Amt vum Parteimanager néierzeleeën, esou de jonke Sozialist am 100,7-Interview.

Hie mengt awer, datt dës Personalfroen elo all gekläert wieren, an ee als jonke Politiker an der LSAP och keng Steng an de Wee geluecht kritt.

“An de leschte Jore si mir enorm wäit gaangen als LSAP, wou vill Jonker an déi éischt Rei gelooss gi sinn. Als Jonk Sozialiste wëlle mir dee viru goen, well déi politesch Erneierung ass immens wichteg fir nei Iddien a Proposen eranzekréien.”

Den Olivier Cano nennt d’Liz Braz, déi och nach am Juso-Alter ass, als e Beispill, wéi Jonker Deel vum Gesiicht vun der Partei sinn.

Mindestlounerhéijung: "D'Regierung huet näischt gemaach"

Och mat der Maxime Miltgen, déi nei Co-Parteipresidentin, géing ee fir dës Erneierung stoen. Zesumme mam Georges Engel wier et elo un der Parteiféierung, zwee Joer virun de Walen de Walprogramm virzebereeden. Den neie Grondsazprogramm wier den Ufank gewiescht, seet den Olivier Cano.

“Keng aner Partei stellt dat Soziaalt esou an de Mëttelpunkt, wéi mir.”

Stéchwuert Sozial: Och de Sozialdialog géing eng LSAP anescht ugoen, dovun ass den Olivier Cano iwwerzeegt. Datt d’Gewerkschaften an d’Patronat ënnerschiddlech Positiounen hätten, dat wier normal. “Dat war déi lescht 30 Joer schonn esou”, seet de jonke Sozialist. Et wier eben un der Regierung, déi Positioune méi no ze kréien.

Datt d’CSV-DP-Regierung d’Sozialpartner viru Fait-accomplië stellt, a mengt, se wéisst alles besser, wier fatal, warnt den Olivier Cano. Hir Entscheedung a Punkto Mindestlounerhéijung wier och dat selwecht, wéi wa se näischt gemaach hätt.

“Mee tëschent näischt maachen an 11 Prozent, wéi d’Gewerkschaften et gefuerdert hunn, ass vill Sputt.”

Inhalt viru Spëtzekandidat

Als LSAP hätt een e bësse gebraucht, fir sech an der Roll vun der Oppositioun zu recht ze fannen. Dat hätt een awer elo gemaach an esou géing een d’Problemer och direkt uschwätzen.”

“D’Aufgab vun enger Oppositiounspartei ass et, d’Kand mam Numm ze nennen.”

Wien dat an Zukunft am Walkampf als Spëtzekandidat maache soll, dat ass nach net gewosst. E Spëtzekandidat fanne wier och aktuell keng Prioritéit, betount den Olivier Cano.

“Als éischt muss ee kucken, wat wëllt ee maachen, wann een an der Verantwortung ass.”

Réischt dono sollt ee sech ëm Personalie këmmeren. Déi Sich géing och vum selwe goen, wann intern Prozesser fréi genuch declenchéiert ginn, erkläert de jonke Politiker.

Paulette Lenert am Staatsrot? Eng "exzellent" Nouvelle

Wie fir dee Poste wuel net a Fro kënnt ass d’Paulette Lenert. Déi aktuell beléiftste Politikerin am Land a fréier LSAP-Spëtzekandidatin intresséiert sech fir e Posten am Staatsrot.

Dat wier keng ganz nei Nouvelle, esou den Olivier Cano. D’Paulette Lenert wier eng “exzellent Ministesch” gewiescht an ass eng “exzellent Deputéiert”, betount de Co-President vun de Jusoen. Als Juristin hätt si och de perfekte Profil fir de Staatsrot.

“Dat ass eng gutt Nouvelle fir d’LSAP an de Staatsrot, well d’LSAP da gutt am Staatsrot vertruede wier.”

Sollt dat de Fall sinn, da géing keen anere wéi de Ben Streff fir d’LSAP am Osten an d’Chamber noréckelen. Och dat wier eng “exzellent Nouvelle” fir den Olivier Cano, well mam Ben Streff e “ganz engagéierte” Politiker noréckele géing.

 

Lauschterenplay_arrow