Méi genee war Lëtzebuerg mat zwou Ekippe vertrueden, wéi den Olivier Jeitz am 100,7-Interview erkläert. Hien ass de President vun der Lëtzebuerger Schachfederatioun.
Resultater "gréisstendeels" an der Rei
Eng Dammen- an eng Härenekipp waren ugemellt. Am Ganze sinn 11 Ronne gespillt ginn. D’Lëtzebuerger konnt jee fënnef Victoiren, fënnef Defaiten an ee Gläichspill verbuchen.
“De Bilan ass lo ganz ausgeglachen a si sinn och lo am Mëttelfeld vun der Tabell gelant. Dat ass lo vläicht net grad dat, wat mir eis erwaart haten. Besonnesch bei den Dammen hat mir gehofft gehat, vläicht e bëssen e Stéck méi wäit vir ze sinn, mee et war awer elo gréisstendeels awer an der Rei gewiescht vum Resultat hier.”
Den Olivier Jeitz erkläert weider, datt all Ekipp aus fënnef Spiller:inne besteet wouvunner véier agesat kënne ginn. Fir eng gewonne Partie kritt een ee Punkt, bei engem Gläichspill en hallwe Punkt.
Eng Olympiad mat "besonneschem Flair"
D’Olympiad hätt dem Olivier Jeitz no awer e “ganz besonnesche Flair”, well et de Spiller:innen d’Méiglechkeet gëtt, géint weltklass Spiller:innen unzetrieden, ënner anerem géint de Weltmeeschter.
Nieft de groussen Natioune sinn awer och sougenannte “Schach-Entwécklungslänner” um Start. Dat si Länner, déi réischt déi éischten oder zweete Kéier op der Olympiad dobäi sinn.
“An dat ass am Fong esou de Flair, dass ee wierklech all d'Länner dobäi huet. Et ass och multikulturell. A wéi gesot huet een da Spiller vun all Stäerkt, vum Weltmeeschter bis dann eeben Amateurspiller, dobäi.”
Zwee Nationaltrainer hunn d'Ekippen encadréiert
Déi Lëtzebuerger Nationalekippe ginn ënner anerem vu jee engem Nationaltrainer encadréiert. Si hunn och d’Preparatioun op d’Olympiad geplangt. All Spiller:in misst sech awer och selwer virbereeden, seet de President vum Verband.
“Do ass och all Spiller an der Responsabilitéit eebe seng Trainingsprogrammer ofzespullen an dann och mat sengem Trainer an och mat Nationaltrainer ze schaffen.”
Sur place gëtt sech da méi spezifesch op de jeeweilege Géigner preparéiert, erkläert den Olivier Jeitz. Hëllefräich sinn do Datebanken, wou een all déi vergaange Partië vun de Spiller:inne kann nokucken.
Net just mental, mee och kierperlech Fitness ass gefrot
Mee net just am Kapp muss ee fit sinn, och kierperlech stellt Schach duerchaus eng Erausfuerderung duer, wéi den Olivier Jeitz betount.
“Also de kierperleche Facteur, dee gëtt ëmmer méi wichteg am Schach, an dat mierkt een och elo bei de Spëtzespiller oder de Spëtzenekippen. Dat sinn och duerchtrainéiert Leit, well eng Schachpartie, déi kann emol gäre fënnef, sechs Stonnen daueren. Dozou kënnt och dann d'Virbereedung vun engen zwou Stonnen, soudatt een och an engem Dag mol aacht Stonne Schach spille kann.”
Et wier also üblech, datt déi gutt Schachspiller sech ausserhalb vum Sport nach anerwäerts kierperlech fit halen, fir eng gewëss Konditioun opzebauen. Dat géing e bësse komesch klengen, gëtt den Olivier Jeitz zou, mee grad bei Turnéier, déi sech iwwer e puer Deeg zéien, wier d’Fitness e wichtege Facteur.
Schachboom: Covid an Netflix sei Dank
Schach erlieft zënter e puer Joer nees e gewësse Boom. Dee wier och zu Lëtzebuerg “ganz kloer” ze spieren. Een ausschlaggebende Punkt war d’Covid-Pandemie. Doheem haten d’Leit vill Zäit fir Schach ze spillen, respektiv et ze léieren.
Och d’Netflix-Serie “The Queen’s Gambit” aus dem Joer 2020, déi en enorme Succès hat, huet dozou bäigedroen, datt méi Leit sech dem Schachspill verschriwwen hunn.
Vun all deene Leit hätten der och vill de Wee an de Club fonnt, seet den Olivier Jeitz.
“Wann een elo kuckt, mir hate virun 10 bis 12 Joer knapp 600 lizenzéiert Spiller. An elo si mir bei 1.600. Dat heescht, dat weist awer ganz kloer an uewen.”
Eng Statistik, op déi een net stolz war
Wann ee sech awer d’Spiller:innen am Detail ukuckt, esou gëtt séier kloer, datt de Schach e klenge Generatiounsproblem huet, wéi den Olivier Jeitz et nennt.
“Dat huet sech virun zwee Joer gewisen, wou mir bei der Schach-Olympiad zu Budapest en Altersduerchschnëtt vu knapp 56 Joer haten, wat da gläichzäiteg och déi eelsten Ekipp aus dem Turnéier war. An nach dorobber konnt ee guer net stolz sinn, well dat huet gewisen, dass mir do ganz vill Nohuelbedarf hunn.”
Mee an de leschte Joren hätten zum Gléck och méi jonk Spiller:innen de Wee an de Schach fonnt. Vun den zéng Spiller:innen, déi dëst Joer un der Olympiad fir Lëtzebuerg deelgeholl hunn, waren der dräi ënner 20 Joer al.
Et dierf een also gespaant sinn, wéi de Schach-Sport sech am Grand-Duché weiderentwéckelt. Déi nächst Schach-Olympiad fënnt an zwee Joer zu Abu Dhabi statt.