Fussball

Broch vu Finanzreegelen: Manchester City leet Recours géint d'Urteel an

Manchester City suergt trotz der Lännerspillpaus aktuell fir vill Opmierksamkeet. De Veräi kritt virgehäit, systematesch Finanzreegele gebrach ze hunn. Elo huet den 10-fachen englesche Champion Recours géint d'Urteel ageluecht.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

© EPA/ADAM VAUGHAN play_arrow
(Foto: EPA/ADAM VAUGHAN)

Manchester City weist d'Virwërf weider zeréck a schwätzt vu wesentleche Feeler am Urteel. Wéinst dem Recours kéint eng definitiv Decisioun awer nach méi laang op sech waarde loossen.

Am Raum sti ganzer 115 Fäll an deene sech Manchester City net u gewëss Reegele gehal huet. Dat tëschent 2009 an 2018.

"Schein-Verträge" mat Sponsoren

Manchester City soll an deem Zäitraum seng finanziell Situatioun verfälscht an net korrekt duergestallt hunn. Dat souwuel vis à vis vun de Wirtschaftspréiwer, wéi och vis à vis vun der Premier League an den anere Clibb.

Wéi hu si dat gemaach? Mat sougennante “sham contracts” mat Sponsoren, also Schein-Verträge géing een op Däitsch soen.

Um Pabeier huet Manchester City Sue vun engem Sponsor kritt, a Wierklechkeet sinn dës Suen awer net vum Sponsor komm.

Wéi eng Roll spillen d'Besëtzer vum Club?

Fir ze verstoen, vu wiem d'Suen da komm sinn, muss ee wëssen, wiem Manchester City gehéiert.

Den englesche Club ass am Besëtz vun der City Football Group, engem Konsortium, dat vun Abu Dhabi aus kontrolléiert gëtt. An deem Konsortium ass ënner anerem de Scheich Mansour bin Zayed Al Nahyan, Member vun der Famill, déi zu Abu Dhabi un der Muecht ass.

Fir also nees op déi Kontrakter zeréckzekommen: D’Sue sinn net vu Sponsore komm, mee vum Proprietär vum Club.

De Scheich Mansour bin Zayed Al Nahyan | ©  EPA/ALI HAIDER
De Scheich Mansour bin Zayed Al Nahyan (Foto: EPA/ALI HAIDER)

Wat hunn déi falsch Kontrakter bruecht?

Op dës Aart a Weis si se de Finanzreegele vun der Premier League, dat ass déi englesch Fussballliga, an och der UEFA hirem Financial Fair Play aus dem Wee gaang.

Dës Reegele solle vereinfacht gesot verhënneren, datt ee Fussballclub op laang Dauer méi Suen ausgëtt, wéi en der rakritt.

Dat heescht, och wa Manchester City mat der Scheich-Famill am Hannergrond quasi onendlech Kapital zur Verfügung huet, esou musse si awer kucken, datt si och genuch Suen anerwäerts erakréien: Spillerverkeef, Ticketen a Fanartikelen, Präisgelder an eben och Sponsoren. Soss wier dat immens onfair géigeniwwer vu Clibb, déi keng esou finanziell Méiglechkeeten hunn.

Esou versteet een och, wéi eng Roll déi Schein-Kontrakter spillen: Do si Suen als Recettë verbucht ginn, obwuel et eigentlech Depensë waren.

Rieds geet vun 1 Milliard Euro, vun deenen awer just ronn 140 Millioune wierklech vu Sponsore komm sinn.

Net déi éischt Virwërf vun där Zort

Et ass awer net déi éischte Kéier, datt esou Virwërf am Raum stinn. 2014 an 2018 si scho Verstéiss géint Finanzreegele festgestallt ginn. Deemools ass Manchester City awer jeeweils an Appell gaang a konnt d’Strofen op relativ kleng Geldzomme reduzéieren.

Den Ënnerscheed dës Kéier ass, datt eng onofhängeg Kommissioun vun der Premier League d’Virwërf och gepréift a confirméiert huet.

Et stinn iwweregens och nach aner Virwërf am Raum: E Manktem u Kooperatioun an deem Zäitraum, an och Salairen u Spiller a Staff, déi net richteg vermierkt gi sinn.

Mat wéi enge Sanktioune kann ee rechnen?

Bis elo ass Manchester City gréissere Strofen also aus dem Wee gaang. Dat kéint dës Kéier awer aneschters ausgoen.

Am Raum sti vill méiglech Strofen: Dat geet vu Geldstrofen iwwer Punktofzich an Transferspäre bis hin zu engem Zwangsofstieg aus der Premier League.

Manchester City huet ënner anerem 2014 d'Premier League gewonn. | © EPA/ANDY RAIN
Manchester City huet ënner anerem 2014 d'Premier League gewonn. (Foto: EPA/ANDY RAIN)

Dobäi kënnt d’Méiglechkeet, datt si nodréiglech Titel oferkannt kéinte kréien. An deem Zäitraum, an deem och den Ufank vum Pep Guardiola senger Amtszäit fält, huet City ënner anerem dräimol d’Premier League gewonn an eemol den FA-Cup.

Punktofzuch an en Transferverbuet gëllen als déi realistescht Strofen

Datt et just bei enger renger Geldstrof bleift, dat kënne sech Experten net virstellen. Dofir sinn d’Virwërf ze grouss.

Datt ee Punkten ofgezu kritt ka gutt sinn. Dat ass eng Zort Strof, déi bei esou Finanzreegelbréch reegelméisseg gesprach gëtt. Dat kéint Manchester City och nach verkraften, dann ass eben déi aktuell Saison fir d’Kaz – wa sech d'Sanktiounen dann och just op déi aktuell Saison bezéien, an net och op zukünfteg.

Eng Transferspär wier wuel och nach ze verkraften. Och wa Manchester City gäre ganz vill Suen an de Grapp hëlt fir Spiller ze kafen, esou hu si awer och eng vun de beschte Jugendakademien an England. Mam Nico O'Reilly, Rico Lewis, Phil Foden a Ryan McAidoo stinn aktuell véier Ex-Jugendspiller am Kader vun de Proffien. Méi wéi bei esou munch anerem Premier-League-Club.

En Zwangsofstieg kéint méi grave Follgen hunn

Anescht gesäit et do bei engem Zwangsofstieg beispillsweis an déi zweet englesch Liga aus. Do falen op der enger Säit enorm Revenue fort.

Op der anerer Säit ass et immens onwarscheinlech, datt d’Verträg vun de Manchester City Spiller en Zenario an der zweeter Liga virgesinn. Bei anere Clibb ginn et zum Beispill Klauselen, déi eng Reduktioun vum Salaire am Fall vun engem Ofstieg virgesinn, well de Club ebe mat manner Recettë rechne muss.

A wëllen Haaland, Donnarumma, Foden a Co. iwwerhaapt an enger zweeter Liga spille wa si och Champions-League spille kéinten?

Bis haut um Freideg huet Manchester City nach Zäit an Appell ze goen.

Lauschterenplay_arrow