Justiz

Bommeleeër-Prozess: Initial Ugeklote Scheer a Wilmes fuerdere Protection juridique

Um Référé um Stater Verwaltungsgeriicht goung et ëm de véierfache Refus vum Staat, tëschent 2008 an 2025, fir den zwee fréiere Membere vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie Protection juridique zoukommen ze loossen. De Me Hirsch an de Me Lehnen kritiséieren dat. 

auto_stories

2 min

D'Verwaltungsgeriicht um Kierchbierg | © Eric Ewald
D'Verwaltungsgeriicht um Kierchbierg (Foto: Eric Ewald)

Déi Protection juridique stéing deenen zwee Beschëllegten u sech zou, huet de Me Hirsch, Affekot vum Marc Scheer, gemengt. De Staat géif fälschlecherweis behaapten, déi zwee wieren als Privatpersounen inculpéiert ginn. Dat géif awer dem Procès-verbale vu viru knapp 20 Joer widderspriechen, esou de Me Hirsch, deen doraus zitéiert. 

“Sie werden im Rahmen der Sprengstoffanschläge in Luxemburg in den Jahren 1984 bis 86 - an da kënnt et - in ihrer damaligen Funktion als Beamte der Gendarmerie auf Anordnung der Untersuchungsrichterin Doris Woltz einvernommen.”

"Staat hätt Interessi drun, datt d'Defense geschwächt gëtt"

Bei Polizisten, déi an hirer Aarbechtszäit inculpéiert goufen, géif de Staat d’Käschten iwwerhuelen. Hei hätt de Staat wuel en Interessi drun, datt d’Defense vun den Ugeklote geschwächt gëtt, sot de Me Hirsch.

An den Ae vum Me Lehnen, Affekot vum Jos Wilmes, wieren déi Zwee, déi all d'Faiten ofstreiden, sech selwer iwwerlooss. Dobäi wiere si sengerzäit héchstens Executante gewiescht. 

“Wann een dann dovun ausgeet, datt si dann Drahtzieher haten, dann hu se jo op Uerder hi geschafft, a wa se op Uerder geschafft hunn, ware si forcément an hire Funktiounen.”

Dovu géif ofhänken, ob ee juristesch Hëllef vum Staat kritt oder net, esou de Me Lehnen.

Demande no Protection juridique wier schonn 2008 refuséiert ginn

D’Vertriederin vum Staat huet d’Argumenter vun der Géigesäit net gëlle gelooss. Am Mäerz 2008 wier déi initial Demande vu Scheer a Wilmes no Protection juridique refuséiert ginn, a well bannent dräi Méint kee Recours dogéint gemaach gouf, wier déi Decisioun definitiv.

Donieft kritt en Agent en Affekot un d’Säit, wann e Victime ass, net awer als presuméierten Auteur vun enger strofrechtlecher Infraktioun. Bommeleeë géif net zur Missioun vu Gendaarme gehéieren, esou datt dës Demande zeréckzeweise wier, huet d’Vertriederin vum Staat fonnt.

D’Urteel an dëser Affär gëtt an den nächsten Deeg gesprach.