Lutte géint Verschwendung

Bëtz vu Liewensmëttel: ASBL Foodsharing feelt et u politeschem Wëllen

An der Lutte géint Liewensmëttelverschwendung geheit d'ASBL Foodsharing der Regierung e Manktem u politeschem Wëlle vir. Den nationalen Aktiounsplang fir en nohaltegen Ernärungssytem géif wäit hanner dem Noutwendegen zeréckbleiwen, schreift d'ASBL an engem Communiqué. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Andreas Poertner
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Andreas Poertner)

Am Plaz vun obligatoresche Mesurë géif d‘Regierung virun allem op Sensibiliséierung setzen an dat wier irresponsabel. An Zäite vu globaler Erwiermung a Ressourcë-Knappheet wier d‘Bekämpfe vun der Liewensmëttelverschwendung méi dréngend wéi jee, esou nach d‘ASBL Foodsharing.