Zënter August lafen archeologesch Ausgruewungen op der Plaz zu Veianen, wou e Parking soll gebaut ginn. Gëschter krut d'Press d'Geleeënheet fir de Site ze besichen.
Et goufe scho méi Chantieren hei
D’Andrea Bischoff vum Nationalen Archeologie-Institut INRA erkläre, datt an de 50er Joer op der Plaz hei matzen am Duerfkär schonn eemol gebaut gi wier.
Et géif och Fotoe vun deemools ginn. Dofir hat d’Archeologen eigentlech geduecht, datt d’Skeletter vun de Bauaarbechten deemools scho beschiedegt wieren. Dës leien nämlech guer net sou déif ënnert dem Buedem.
"Also, wir haben wirklich mit Knochen gerechnet, aber nicht mit so vielen Bestattungen, die dann auch noch so gut erhalten sind."
Ëm wéi eng Skeletten et sech handelt oder anescht ausgedréckt wien hei begruewe ginn ass, wier guer net soz einfach ze soen, esou d’Andrea Bischoff. Dat well am Mëttelalter keng Beigaben mat an d’Griewer geluecht ginn sinn.
Deemno léist sech nëmme schwéier soen, ob dës Persoune beispillsweis Adeleg war oder an aarme Verhältnisser gelieft huet.
"Üblicherweise hat man die Leute im Leichenhemd bestattet oder sie direkt ins Leichentuch eingenäht. Das heißt, die sind wirklich vor ihrem Schöpfer im letzten Hemd getreten, wie man sagt.”
Net Optimal fir d’Ausgruewe wier awer och de Bueden, hei ass nämlech kee Sandstee mee Schifer. Dat mécht et schwéier fir déi kleng Schanken, virun allem d’Féiss, propper auszegruewen.
Graf bei Kräizzuch a Gefaangenschaft geroden
Spannend wier awer, datt de Graf vu Veianen, Friedrich den Drëtte, bei engem Kräizzuch a Gefaangenschaft geroden ass. Den Trinitarier-Uerde wier extra gegrënnt gi fir chrëschtlech Gefaangener rëm ze befreien. Och de Friedrich III. ass duerch den Uerden nees fräikaaft ginn. Säin Jong Heinrich hätt doropshin d’Trinitarier-Kierch zu Veianen mat engem Hospiz a Kierfecht baue gelooss.
E mëttelalterleche Kierfecht war iwweregens een “Rechtsbezirk”, esou nach d’Expertin. Kierfechter waren “befridet”, dat heescht et war eng Mauer ronderëm. De Raum vun den Doudege war domat vun dem vun de Liewende getrennt.
De Kierfecht war Deel vum Stadliewen
Dat hätt awer net bedeit, datt Leit sech net um Kierfecht getraff hunn. Ganz am Géigendeel, am Mëttelalter wieren hei oft Fester geféiert ginn.
Archeologesch kéint een dofir och normalerweis dovunner ausgoen, datt ausserhalb vum Kierfecht keng Skelett leien. Elo am Fall zu Veianen hätt een nërdlech och schonn d’Grenzmauer fonnt. Do dohannert wiere keng Léiche begruewe ginn.
Net jiddereen hat de Privileeg hei begruewen ze ginn
D’Recht um Kierfecht begruewen ze ginn an domat an den Himmel ze kommen, konnt een am Mëttelalter nämlech och verléieren. Dat wann ee gesënnegt huet a beispillsweis exekutéiert ginn ass.
Friemer ouni Numm an domat ouni Dafschäi sinn och net innerhalb vun de Mauer begruewe ginn.