Uni.lu

Uni-Rekter Jens Kreisel geet 2028 als Physik-Professer nees zeréck an d'Fuerschung

De Jens Kreisel trëtt net nach eemol fir de Poste als Rekter vun der Uni.lu. un. Ob seng Decisioun fir awer ze goen eppes mat de rezenten Turbulenzen op der Uni ze dinn hat - mat Virwërf vun engem schlechten Aarbechtsklima a Mobbing - war eng vun de Froen am Interview mam Uni-Rekter.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

Jens Kreisel | © Semir Demic play_arrow
Jens Kreisel (Foto: Semir Demic)

No den Turbulenzen aus de leschte Méint huet de Jens Kreisel ugekënnegt, keen 2. Mandat als Rekter unzestriewen. Seng Zäit un der Spëtzt vun der Uni geet den 31.12.2027 op en Enn. Dës Entscheedung wier him scho schwéier gefall, esou de Jens Kreisel am 100,7 Interview. Hien hätt gären d‘Verantwortung gedroen. 

"Ich habe und ich trage unheimlich gerne Verantwortung für die Universität. Es war also eine schwierige Entscheidung."

De Verwaltungsrot hätt scho léiwer gehat, datt hie bleift an hätt och probéiert, hien ze iwwerzeegen, weiderzemaachen, esou de Jens Kreisel. Hie géif elo gären nees en neie Schrëtt a senger Karriär woen. 

Just eng Schattéierung an der Faarfpalett

Op d’Fro, ob hien dës Entscheedung och virun engem Joer getraff hätt, dat heescht wéi déi negativ Schlagzeilen iwwer d’Uni.lu an der Press bekannt goufen, sot den Nach-Rekter, hie géif säi Liewe generell an zéng Joer-Etappe plangen. Iwwerdeems wier hien ëmmer schonn oppe fir Neies gewiescht.

"Man muss sich anderthalb Jahre vorher äussern, ob man weitermacht will." 

Déi lescht Méint wieren awer och net einfach gewiescht, esou de Rekter vun der Uni Lëtzebuerg. Op seng Karriär gekuckt wier dës awer just eng Schattéierung an der Faarfpalett. 

Nei Formatioune fir d'Mataarbechter:innen

Aus de leschte Méint hätt een awer och geléiert, esou de Rekter. Vu September u géife beispillsweis zousätzlech Formatioune fir “all d’Manager” vun der Uni.lu, a Punkto Konfliktsituatioun an e respektvoll Mateneen ugebuede ginn. 

Op d’Fro, ob déi nächst 18 Méint, bis hien säin Amt néierleet, net riskéiere laang ze ginn, sot de Jens Kreisel ganz a guer net.

Et géife vill Projete ginn op deenen hien nach schaffe wéilt, ënner anerem wéi et mat der Medezin-Ausbildung op der Uni um Belval wiedergeet oder och d’Erausfuerderungen, déi d’KI mat sech bréngt. Grad esou wéilt hien d’Uni Lëtzebuerg um international Terrain nach besser representéieren, esou de Jens Kreisel.

Ass d'Uni ze séier gewuess? 

D’Uni Lëtzebuerg ass elo 23 Joer al. Op d’Fro, ob d’Uni an deem Zäitraum net vläicht e bëssen ze séier gewuess wier, huet de Jens Kreisel zouginn, datt e puer Entwécklungen dem Wuesstem effektiv vläicht net hannendrun komm wieren. 

Gläichzäiteg misst een awer och Schrëtt hale mat der Entwécklung, soss kéint d’Uni.lu net mat aneren Institutioune wéi Bologna, Glasgow oder Bern mathalen, déi sech deels op hir eegen Expertisen aus de leschte Joerhonnerte beruffe kënnen.

Jens Kreisel geet nees zeréck an d'Fuerschung

Dem Jens Kreisel senger Aschätzung no sollt den zukünftege Rektor oder déi zukünftegt Rektorin wëssen, wéi Lëtzebuerg tickt. Et wier ee schlussendlech och e bëssen an der Roll vun engem “Firmechef”, deen iwwer d'Politik, d’Gesellschaft grad wéi iwwer d’Industrie an d’Bankwiesen hei am Land Bescheed muss wëssen.

De Jens Kreisel wëllt iwwerdeems och zu Lëtzebuerg bleiwen an nees als Proff op der Uni aktiv ginn. De geleiert Physiker sot, hien hätt definitiv Respekt virdrun nees zeréck an d’Fuerschung ze goen. 

"Also ich freue mich darauf, Professor an der Universität zu sein, zu forschen ist bei mir eine Herzensangelegenheit, ich habe einen höllischen Respekt davor, wieder in die Forschung einzusteigen, vielleicht sogar ein bisschen Angst, das auch wieder hinzubekommen, freue mich unheimlich, mehr zu unterrichten und ich sehe zumindest meine nahe Zukunft auf jeden Fall in Luxemburg."

No sengem Depart als Rekter Enn 2027 bleift hien der Uni also als Physik-Professer erhalen. Hien war 2018 als Vizerektor op Belval komm, 2022 war hien zum Rekter ernannt ginn. 

Lauschterenplay_arrow