headphones

12 min

Lauschteren play_arrow

1. De Jean Asselborn wäert säi Mandat als Deputéierten an der Chamber net unhuelen. Hie féiert seng Decisioun op d’Entwécklung an der Migratiounspolitik zeréck

2. Géint de suspendéierten Direkter vum Lycée Edward Steichen leeft eng virleefeg Enquête. Dat confirméiert de Parquet vun Dikrech. Bei Perquisitioune goufen och Waffe fonnt

3. Zuel u palästinenseschen Doudesaffer an der Gazasträif wier zanter dem Ufank vum Krich de 7. Oktober op 11.500 geklommen. Dat mellt eng Verwaltung, déi vun der isamlistescher Hamas kontrolléiert gëtt

4. Déi Europäesch Unioun ka méiglecherweis hiert Verspriechen iwwer Munitiounsliwwerungen un d’Ukrain net anhalen. Geplangt war, datt bis am Fréijoer 2024 eng Millioun Artillerie-Geschosser zoukommen ze loossen

5. Den Europäesche Kulturpräis gëtt d’nächst Joer fir d’éischte Kéier zu Lëtzebuerg verginn. Rendez-vous ass de 7. Juni an der Philharmonie um Kierchbierg

Episoden

Panorama

Iwwerschwemmungen: Leit hätte besser misse gewarnt ginn, esou Meteorolog / EU Agrarministeren: Méi Biolandwirtschaft a Verbuet vu Käfeg-Haltung / CSV: Kritik u Chamber

Panorama

No Iwwerschwemmungen: Problemer mat Stroosseninfrastrukturen / CSV: Kritik un der Chamber / EU Agrarministeren: Méi Biolandwirtschaft a Verbuet vu Käfeg-Haltung

Panorama

No Iwwerschwemmungen: 250 Stéit ouni Stroum / Dieschbourg: Héichwaasser ass "Joerhonnertevenement" / Bilan CNS 2020 / EU fir méi Biolandwirtschaft

Panorama

Bilan Iwwerschwemmungen / Opraumaarbechten zu Iechternach / déi Lénk fuerdere Mesurë géint Wunnengsnout / Pegasus-Papers

Panorama

Iechternach: Vill Haiser nees bewunnbar / Weider ugespaante Situatioun an Däitschland / England: Experte warnen virun neier Corona-Well

Panorama

Iechternach: Vill Haiser nees bewunnbar / Weider ugespaante Situatioun an Däitschland / England: Experte warnen virun neier Corona-Well

Panorama

183 Doudeger wéinst Iwwerschwemmungen an Europa / Syvicol: Solidaritéit tëschent de Gemenge war grouss / Realisatrice Julia Ducorneau kritt zu Cannes d'Palme d'or

Panorama

183 Doudeger wéinst Iwwerschwemmungen an Europa / Syvicol: Solidaritéit tëschent de Gemenge war grouss / Realisatrice Julia Ducorneau kritt zu Cannes d'Palme d'or

Panorama

Héichwasser: Zäit fir Opzeraumen / Iwwerschwemmungen Däitschland: op d'mannst 130 Doudeger / Impfen: Regierung wëllt iwwerzeegen amplaz ze verflichten

Panorama

Iwwerschwemmungen an Däitschland: 135 Doudeger / Peegelen op der Musel klamme liicht / Mise en Examen fir franséische Justizminister wéinst Verdacht op Interessekonflikt

Panorama

Iwwerschwemmungen an Däitschland: 133 Doudeger / Peegelen op der Musel klamme liicht / Mise en Examen fir franséische Justizminister wéinst Verdacht op Interessekonflikt

Panorama

Problemer mat Nato-Pipeline op de Findel geléist / Gamma-Variant hei am Land dominant / LSAP: Steierreform nach net vum Dësch

Panorama

Problemer mat Nato-Pipeline um Findel geléist / Gamma-Variant hei am Land dominant / LSAP: Steierreform nach net vum Dësch

Panorama

Problemer mat Kerosin Pipeline um Findel / Dramatesch Situatioun och bei eise belschen an däitschen Noperen / Brasilianesch P1-Variant elo dominant zu Lëtzebuerg

Panorama

Héichwaasser: Regierung deblockéiert 50 Mio Euro / Méiglech Problemer mat der Alimentatioun vu Kerosin um Findel / 80 Doudeger an Däitschland!

Panorama

Héichwaasser: Regierung deblockéiert 50 Mio Euro / Méiglech Problemer mat der Alimentatioun vu Kerosin um Findel / 80 Doudeger an Däitschland!

Panorama

Grousse Schued nom ville Reen / aus Däitschland ginn iwwer 40 Doudesaffer gemellt / hollännesche Journalist Peter de Vries gestuerwen

Panorama

Grousse Schued nom ville Reen / aus Däitschland ginn iwwer 40 Doudesaffer gemellt / hollännesche Journalist Peter de Vries gestuerwen

Panorama

CGDIS huet iwwer 1200 Asätz wéinst iwwerschwemmungen / Schlëmm Situatioun och an Däitschland mat 20 Doudegen / Neit Covid gesetz an der Chamber gestëmmt

Panorama

Op mannst 1200 Asätz fir de CGDIS / Iwwerschwemmungen: d'Regierung huet de Interventiounsplang "Intempéries" declenchéiert / Ee Joer Beruffsverbuet fir den Dr B. Ochs